Optakt vum Tirreno AdriaticoFilippo Ganna wënnt éischt Etapp am Zäitfueren

Tom Nols
Den Italiener behaapt sech virum Thymen Arensman an dem Max Walscheid. Op déi 78. Plaz fiert de Kevin Geniets, deen den eenzege Lëtzebuerger um Depart ass.
De Filippo Ganna hat all Grond zur Freed
Kevin Geniets
© DIRK WAEM/Belga via AFP

Iwwer 1.173,5 Kilometer féiert de Parcours vun de siwen Etappen, déi dëst Joer am Tirreno Adriatico ze fuere sinn. Matfueren dinn zum Beispill sou bekannten Nimm wéi Primoz Roglic, Wout van Aert, Julian Alaphilippe, Mathieu van der Poel, Nairo Quintana a Richard Carapaz. Eenzege Lëtzebuerger um Depart ass de Kevin Geniets (Groupama - FDJ United).

Déi éischt Etapp e Méindeg war en Zäitfueren iwwer 11,5 Kilometer laanscht d’Küst vum Tyrreenesche Mier zu Lido di Camaiore. Do konnt sech den Zäitfuerweltmeeschter vun 2020 an 2021 Filippo Ganna duerchsetzen. Den aktuellen italieenesche Champion am Contre la montre hat 22 Sekonnen Avance op säin Ineos-Grenadiers-Teamkolleeg Thymen Arensmann a 26 Sekonnen op de Max Walscheid vu Lidl-Trek. De Lëtzebuerger Kevin Geniets konnt sech mat engem Retard vun enger Minutt a 17 Sekonnen als 78. klasséieren.

De Kevin Geniets am Zäitfueren
De Kevin Geniets am Zäitfueren
© DIRK WAEM / BELGA MAG / BELGA VIA AFP

Klassement vun der éischter Etapp:

1. Filippo Ganna (ITA/Ineos Grenadiers), 11,5 km: 12'08'’

2. Thymen Arensman (NED/Ineos Grenadiers) op 22'’

3. Max Walscheid (GER/Lidl-Trek) op 26'’

4. Magnus Sheffield (USA/Ineos Grenadiers) op 26'’

5. Jonathan Milan (ITA/Lidl-Trek) op 29'’

6. Alan Hatherly (RSA/Jayco-AlUla) op 30'’

7. Primoz Roglic (SLO/Red Bull-Bora-Hansgrohe) op 31'’

8. Ethan Hayter (GBR/Soudal-QuickStep) op 32'’

9. Antonio Tiberi (ITA/Bahrain Victorious) op 33'’

10. Isaac Del Toro (MEX/UAE Team Emirates-XRG) op 36'’
...
78. Kevin Geniets (LUX/Groupama FDJ United) op 1'17'’

En Dënschdeg wäert et vu Camaiore iwwer 206 Kilometer op San Gimignano goen. D’Arrivée vun der sougenannter “Course tëscht de Mierer”, déi zanter 1966 gefuer gëtt, ass e Sonndeg zu San Benedetto del Tronto un der Adria.

Back to Top
CIM LOGO