Marie Schreiber mat Plaz 6 zu Hamme

© AFP (Archiv)
D'Victoire vum Flandern-Cross goung un d'Ceylin Alvarado virun der Lucinda Brand. D'Sara Casasola huet de Podium komplettéiert.
Bei der drëtter Manche vun der X2O Trophee zu Hamme gouf et en hollänneschen Doublé. D'Ceylin Alvarado huet sech ganz knapp virun hirer Landsfra Lucinda Brand duerchgesat (+ 1 Sekonn). D'Italieenerin Sara Casasola gouf mat 6 Sekonne Réckstand Drëtt.
De Spëtzentrio hat eng komfortabel Avance op de Rescht vum Peloton, wou och d'Marie Schreiber ënnerwee war. D'Lëtzebuergerin klasséiert sech hannert dem Zoe Backstedt (+ 43) an dem Annemarie Worst (+ 1:04) op der 6. Plaz (+ 1:27). Et war der Schreiber hir éischt Participatioun un enger Manche vun der X2O Trophee.
Am Generalklassement läit d'Marie Schreiber mat 11:33 Réckstand op der 12. Plaz. D'Lucinda Brand ass Éischt virun der Sara Casasola.