E Sonndeg stoung déi nächst Manche vum Weltcup um Plang. No Besançon viru 7 Deeg war dës Kéier Statioun zu Dendermonde an der Belsch.

Bei der 8. Manche vum Cyclocross-Weltcup zu Dendermonde an der Belsch huet d'Lucinda Brand d'Konkurrenz dominéiert. Si konnt an der drëtter Ronn d'Féierung vun der Puck Pieterse iwwerhuelen a konnt hir hollännesch Landsfra bis zum Schluss kloer op Distanz halen. D'Brand ass mat enger Avance vun 30 Sekonnen iwwer d'Ligne d'arrivée gefuer. Hannendru koumen eben d'Pieterse an d'Fem van Empel (+ 0:41). D'Manon Bakker (+ 1:26) huet dofir gesuergt, dass déi véier éischt Plaze vun Hollännerinne beluecht goufen.

D'Marie Schreiber huet zu Dendermonde de Sprong an d'Top10 verpasst. D'Lëtzebuergerin hat wéi ëmmer e gudde Start an a war vir mat bäi, huet awer schonn an der zweeter Ronn mussen ofräisse loossen. Si huet sech duerno op de Plazen 11 bis 14 erëmfonnt an huet sech mat der Blanka Vas ëm déi 11. Positioun gestridden. D'Ungarin sollt sech knapp duerchsetzen an d'Schreiber ass als 12. mat engem Réckstand vu 4 Minutten 46 Sekonnen ukomm.

Nieft der Marie Schreiber war nach d'Maïté Barthels zu Dendermonde am Asaz. Si huet huet am véierten Tour op der 35. Positioun opginn.

An der Kategorie vun de Juniore war Lëtzebuerg duerch de Lennox Papi vertrueden. Am Schlussklassement gëtt hien op der 43. Plaz geféiert. D'Victoire war fir den Däitsche Benedikt Benz.

Bei den Häre war et Copy-Paste wéi bei den Dammen: Déi véier éischt Plaze goufe vu Belsch beluecht. Et war kee Kraut géint de Wout van Aert gewuess. Den 31 Joer ale Coureur hat bei senger Victoire eng komfortabel Avance vun 1 Minutt 20 Sekonnen op den Emiel Verstrynge. Plaz 3 goung un de Joran Wyseure, Véierte gouf den Toon Aerts.

Klassement vun den Dammen

1 BRAND Lucinda 55:08
2 PIETERSE Puck 0:30
3 VAN EMPEL Fem 0:41
4 BAKKER Manon 1:26
5 BACKSTEDT Zoe 1:49
6 VAN DER HEIJDEN Inge 2:26
7 BENTVELD Leonie 2:36
8 NORBERT RIBEROLLE Marion 3:09
9 CANT Sanne 3:11
10 BETSEMA Denise 3:13
11 VAS Blanka 4:43
12 SCHREIBER Marie 4:46

Klassement vun den Hären

1 VAN AERT Wout 1:02:49
2 VERSTRYNGE Emiel 1:20
3 WYSEURE Joran 1:41
4 AERTS Toon 1:52
5 VANTHOURENHOUT Michael 2:24
6 RONHAAR Pim 2:43
7 KUHN Kevin 2:49
8 NYS Thibau 3:14
9 MASON Cameron 3:15
10 HENDRIKX Mees 3:35