Zu Zéisseng um Circuit Josy Mersch gëtt e Sonndeg de nationale Championnat am Cyclocross gefuer.

En Donneschdeg ware mir mam Loïc Bettendorff an dem Jempy Drucker eng Reconnaissance vum Parcours zu Zéisseng maachen.

Den décke Bulli ass mat de kale Temperaturen plazeweis liicht gefruer. Dat bréngt mat sech datt verschidden Deeler méi schwéier ze fuere sinn. Och um Samschdeg den Owend an an der Nuecht soll et nach eemol kal ginn, deemno dierf ee gespaant sinn ob sech bis muer nach vill ännert. Um 11:00 e Sonndeg de Moien ass den Depart vun der éischter Course, et sinn d'Masters Männer déi  fir den Optakt vu Championnat zu Zéisseng fueren.

Bei den Dammen ass d'Marie Schreiber déi grouss Favoritin a bei den Hären ass de Loïc Bettendorff liicht favoriséiert. Weider Informatiounen iwwert de Championnat zu Zéisseng fannt dir hei.