An der Belsch sinn d'Marion Norbert Riberolle an den Thibau Nys nei national Championen.

E Sonndeg stoungen a ganz Europa déi national Cyclocross-Championnater um Programm. Zu Lëtzebuerg konnte sech d'Marie Schreiber an de Loïc Bettendorff de Championstitel sécheren.


Holland

Bei den Dammen huet sech d'Puck Pieterse den Titel geséchert. Dat mat engem komfortabelen Ecart vun 1:11 Minutt op d'Ceylin Del Carmen Alvarado an 1:35 Minutt op d'Denise Betsema.

Bei den Häre konnt den Tibor del Grosso sech mat siwe Sekonne virum Pim Ronhaar duerchsetzen. Déi drëtt Plaz war mat engem Retard vun 31 Sekonne fir de Joris Nieuwenhuis.

Belsch

Nei national Championne an der Belsch ass bei der Dammen Elite d'Marion Norbert Riberolle. Mat engem Chrono vun 53:18 Minutte war si um Enn 45 Sekonne virum Laura Verdonschot an 1:07 Minutt virun dem Julie Brouwers op d'Arrivée komm.

Bei den Häre gouf et eng Victoire fir den Thibau Nys, dee sech den Titel mat engem Virsprong vun 9 Sekonnen op de Laurens Sweeck séchere konnt. Den Toon Aerts ass mat 11 Sekonne Retard den Drëtte ginn.

Frankräich

Neien nationale Champion vun den Hären ass a Frankräich de Clément Venturini, deen 21 Sekonne virum Zweete Joshua Dubau an 39 Sekonne virum Fabien Doubey iwwert d'Zillinn gefuer war.

Bei den Dammen huet sech dat 24 Joer aalt Amandine Fouquenet ganz knapp de Championstitel geséchert. Op der Arrivée hunn nëmmen e puer Zentimeter d'Decisioun bruecht. Plaz Zwee ass zäitgläich un d'Hélène Clauzel gaangen a mat just zwou Sekonne Retard war d'Célia Gery dat Drëtt ginn.

Däitschland

Neien däitsche Champion vun den Hären ass de Marcel Meisen. Hie war mat enger Avance vun 49 Sekonne op de Jonas Köpsel ukomm. Déi drëtt Plaz konnt sech de Luca Harter mat engem Ecart vu 54 Sekonne sécheren.

Den Titel bei den Dammen ass un dat 40 Joer aalt Elisabeth Brandau gaangen. Si konnt sech 19 Sekonne virum Judith Krahl an 2:51 Minutte virum Lisa Heckmann behaapten.

Schwäiz

An der Schwäiz gouf et bei den Hären eng Victoire fir de Kevin Kuhn. Hien huet sech mat 43 Sekonne virum Loris Rouiller a mat 1:23 Minutt virum Luke Wiedmann de Championstitel behaapt.

Bei den Dammen ass den Titel un d'Rebekka Estermann gaangen, dat sech déi 1. Plaz mat enger Avance vu 57 Sekonne op d'Laura Krähemann a vun 1:06 Minutt op d'Jana Glaus séchere konnt.

Groussbritannien

Keng Chance huet de Cameron Mason senger brittescher Konkurrenz bei den Häre gelooss. Mat enger Avance vun 3:14 Minutten op den Zweeplacéierte Ben Chilton huet hie sech de Championstitel geséchert. Drëtten ass den Daniel Barnes mat 3:36 Minutte Retard ginn.

Méi spannend war et dogéint bei den Dammen, wou den Titel un d'Xan Crees mat engem Ecart vu fënnef Sekonne virum Cat Ferguson gaangen ass. D'Imogen Wolff ass no 39 Sekonnen dat Drëtt ginn.

Tschechien

Bei den Häre konnt sech de Michael Boros den tschechesche Championstitel sécheren. Hie koum 33 Sekonne virum Vaclav Jezek an 23 Sekonne virum Jakub Toupalik op der Arrivée un.

E Succès bei den Damme gouf et fir d'Kristyna Zemanova, wat 58 Sekonne méi séier war wéi d'Katerina Douderova op der zweeter Plaz. Drëtt ass d'Simona Spesna mat engem Retard vun 1:17 Minutte ginn.

Spuenien

A Spuenien huet de Felipe Orts Lloret d'Course vun den Hären dominéiert a sech mat engem grousse Virsprong de Championstitel geholl. Déi zweet Plaz war fir de Jofre Cullell Estape mat engem Retard vun 1:25 Minutt an déi drëtt Plaz fir de Mario Junquera San Millan (+2:55).

Sofia Rodriguez Revert heescht déi nei Championne vun den Dammen. Si war 49 Sekonne méi séier wéi d'Lucia Gonzalez Blanco op Plaz 2 an 1:10 Minutt virum Sara Cueto Vega op der Arrivée.

Italien

Den Gioele Bertolini ass neien italieenesche Champion vun den Hären. Hie war um Enn zwou Sekonne méi séier wéi säi Konkurrent Filippo Fontana a 14 Sekonne méi séier wéi de Federico Ceolin.

Bei den Dammen ass den Titel un d'Carlotta Borello gaangen, dat sech mat siwe Sekonne virum Rebecca Gariboldi duerchsetze konnt. Déi drëtt Plaz war fir d'Letizia Borghesi mat engem Retard vun 31 Sekonnen.

Ungarn

An Ungarn konnt sech bei den Hären de Barnabas Vas am Zweekampf un der Spëtzt behaapten. Mat 24 Sekonne Avance op den Zsombor Takacs war hien op als Éischten op der Arrivée ukomm. Drëtte war mat engem Retard vu 6:31 Minutten de Benedek Kiss.

De Championstitel vun den Damme ass hei un d'Regina Bruchner gaangen. Dat virum Reka Toth an dem Viktoria Szekeres.