Sëlwer a Bronze hu sech de Wout van Aert an den Thibau Nys geséchert.

Bei der leschter Course vun der Cyclocross-WM zu Liévin a Frankräich ass keng Spannung opkomm. De grousse Favorit bei den Hären-Elite Mathieu van der Poel huet senger Konkurrenz keng Chance gelooss an ass sech vum Depart ewech eng komfortabel Avance erausgefuer. No enger impressionanter Leeschtung op deem schwéiere Circuit hat den Hollänner no 8 Tier eng Avance vu 45 Sekonnen op de Belsch Wout van Aert. Mam Thibau Nys stoung nach e weidere Belsch um Podium. Hien hat e Réckstand vun enger Minutt a sechs Sekonnen.

De Mathieu van der Poel huet dës Saison all Cyclocross, bei deem hien um Start stoung, gewonnen. Fir den Hollänner ass et schonn de siwente Weltmeeschtertitel am Cyclocross (2015, 2019, 2020, 2021, 2023 und 2024). Hien huet domadder de Rekord vum Belsch Eric de Vlaeminck egaléiert. De Belsch hat seng Titelen tëscht 1966 an 1973 gewonnen.

Bei den Dammen hat sech e Samschdeg d'Fem van Empel den Titel geséchert.

Top10 vun den Hären

1 VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Deceuninck 1:02:44
2 VAN AERT Wout Visma-Lease a Bike 0:45
3 NYS Thibau Baloise Glowi Lions 1:06
4 NIEUWENHUIS Joris Ridley Racing Team 1:15
5 VERSTRYNGE Emiel Crelan - Corendon 1:53
6 AERTS Toon Deschacht - Hens - FSP 1:56
7 VANTHOURENHOUT Michael Pauwels Sauzen - Cibel Clementines 2:00
8 WYSEURE Joran Crelan - Corendon 2:03
9 VAN DER HAAR Lars Baloise Glowi Lions 2:09
10 SWEECK Laurens Crelan - Corendon 2:28