Nach ni ass eng Lëtzebuerger Damm bei enger Weltmeeschterschaft am Cyclocross op de Podium komm.

E Sonndeg huet d'Marie Schreiber am Cyclocross – Lëtzebuerger Sportgeschicht geschriwwen. Mat hirer 2. Plaz bei der Weltmeeschterschaft zu Liévin a Frankräich konnt si mat der Sëlwermedail als éischten Damm aus eisem Land op de Podium klammen. Op engem schwéiere Parcours a virun enger impressionanter Kuliss huet si hiert ganzt Talent ënner Beweis gestallt.

D`Freed war der Lëtzebuerger Championne um Podium am Gesicht ofzeliesen. Déi vill Lëtzebuerger Supporter, déi mat dobäi waren, haten d'Marie Schreiber vun Ufank un a bis zum Schluss ënnerstëtzt a stoungen deenen aneren Natiounen a punkto ufeieren an näischt no.

Einfach waren d'Course net. Nodeems de Circuit zu Liévin Moies bei der Reconnaissance nach déif gefruer war, sou hat dat awer fir d'Espoirs Course um 13 Auer ferm geännert. An anere Wierder: Et war ganz wichteg, déi richteg Technik ze hunn.

Zanter 2020 ass d`Marie Schreiber am internationale Vëlossport present an huet als Junior–Damme scho fir ganz staark Resultater gesuergt. Iwwer verschidde Statiounen huet si et bei eng vun de weltbeschten Ekippe gepackt a kombinéiert de Cross mat der Strooss. Dat nächst Joer ginn et fir Si déi éischt grouss Meeschterschafte bei der Elite. Mä och do huet si scho bewisen, datt si zu deene Beschte gehéiert.