D'Lëtzebuerger Championne war méi staark wéi d'Hollännerin Inge Van der Heijden, déi leschte Weekend 4. bei der WM vun der Elite bei den Damme war. 

3 Deeg no hirer Sëlwermedail bei der U23-Weltmeeschterschaft vun den Dammen zu Liévin a Frankräich konnt d'Marie Schreiber e Mëttwoch beim Parkcross zu Maldegem déi ganz Konkurrenz hannert sech loossen. Vun Ufank u konnt sech d'Lëtzebuerger Championne zesumme mam Inge Van der Heijden an der italieenescher Championne vum leschte Joer, Sara Casasola, ofsetzen. Déi 2 Coequipieren, Van der Heijden a Casasola, hunn ofwiesselend attackéiert, d'Marie Schreiber konnt op deem ganz séiere Parcours ëmmer nees konteren. Am zweetleschte vun am ganze 7 Tier huet d'Marie Schreiber hirersäits d'Heft an d'Hand geholl an ass sech mat enger perfekter Linn duerch de Sand eng Avance erausgefuer. Mat 9 Sekonne Virsprong op d'Van der Heijden ass si an de leschten Tour gaangen. Op der Arrivée hat d'Marie Schreiber eng Avance vu 16 Sekonnen op d'Van der Heijden. D'Sara Casasola hat als Drëtt 21 Sekonne Retard. D'Maïté Barthels konnt sech op der 18. Plaz klasséieren, fir hir Schwëster Layla war et déi 25. Plaz.