Fabio Christen gewënnt am Sprint

© imagesourcecurated on Envato (Archiv)
Bei der Een-Dages-Cours ronderëm Murcia huet de Schwäizer de Fransous Aurélien Paret-Peintre hannert sech gelooss. De Mats Wenzel koum als 63. un.
No knapp 200 Kilometer ronderëm Murcia a laanscht Costa Cállida konnt de Fabio Christen seng éischt Victoire op spueneschem Territoire feieren. De Schwäizer huet elo an dräi Länner (Schwäiz, Spuenien, Frankräich) eng Etapp oder eng Course gewonnen. Fir de Coureur vu Q36.5 Pro Cycling war et och déi éischt Victoire a senger Profikarriär.
De Christen hat de Sprint 200 Meter virun der Arrivée selwer lancéiert a konnt den Aurélien Paret-Peintre oder och den Nairo Quintana hannert sech loossen. Och de jonke Belsch Tim Wellens (+ 2) war vir mat dobäi.
De Lëtzebuerger Mats Wenzel huet sech bei der 45. Editioun vun dëser Course op der 63. Plaz mat 9:48 Retard klasséiert.