Grande Boucle start mat engem Ekippenzäitfueren

© AFP
Déi éischt zwou Etappe vum Tour de France 2026 ginn um Hausbierg vun der katalanescher Haaptstad Barcelona Montjuïc op en Enn.
Déi 113. Tour de France wäert 2026 zu Barcelona fir d'éischte Kéier an hirer Geschicht mat engem Ekippenzäitfueren ufänken. Wéi d'Tour-Organisatioun ASO en Dënschdeg matgedeelt huet, wäert déi 19,7 Kilometer laang éischt Etapp de 4. Juli 2026 am Olympiastadion vun 1992 zu Barcelona um Montjuïc op en Enn goen.
"Den éischte Mann am Gielen Trikot wäert ouni Zweiwel e Kandidat fir d'Schlussvictoire sinn", sou den Tour-Direkter Christian Prudhomme bei der Presentatioun vun de Pläng.
Fir d'Etappevictoire um éischten Dag gëllt d'Zäit vum séierste Coureur vun all Ekipp, fir de General kritt all Coureur seng perséinlech Zäit ugerechent.
Déi zweet Etapp wäert zu Tarragona gestart ginn, wat gläichzäiteg déi südlechst Plaz ass op där den Tour jee passéiert ass. Och hei wäerten an der Finall, an där et dräimol iwwer de Montjuïc an an den Olympiastadion geet, d'Klassementsfuerer gefuerdert sinn.
Och déi drëtt Etapp wäert a Spuenien ufänken, zu Granollers, ronn 25 Kilometer nordëstlech vu Barcelona. Wéi laang d'Etapp si wäert a wou d'Arrivée ass, steet nach net fest.
Schonn 1957, 1965 an 2009 huet d'Grande Boucle Statioun zu Barcelona gemaach.

© letour.fr