Demi Vollering mat klorer Victoire, Nina Berton huet opginn

© AFP (Archiv)
D'Hollännerin huet virun der Anna Van der Breggen gewonnen. Bei den Häre war d'Victoire fir den Tadej Pogacar virum Thomas Pidcock.
Bei der Een-Dages-Course ronderëm Sienna an Italien konnt d'Demi Vollering déi 47. Victoire an hirer Karriär feieren. No 136 Kilometer hat si eng Avance vun 18 Sekonnen op hir Landsfra Anna Van der Breggen. D'Pauline Ferrand-Prévot koum mat der Juliette Labous zäitgläich iwwer den Zilstréch (+ 1:42), gouf awer als Drëtt klasséiert. Et war déi eeleft Editioun vun dëser Course bei den Dammen. D'Nina Berton huet wärend der Course opginn.
Am Verglach zu den Dammen hunn d'Hären 213 Kilometer hannert sech brénge mussen. Hei hat den Tadej Pogacar d'Nues vir. De Sloween konnt sech 20 Kilometer virun der Arrivée vu sengem Kontrahent Thomas Pidcock ofsetzen - béid Coureuren hate sech no 160 Kilometer als Echappée ofgesat - an hat op der Arrivée 1:24 Virsprong. Fir de Pogacar ass et déi 92. Victoire a senger Karriär. Den Thomas Pidcock sengersäits hat och eng kloer Avance op den Drëtten, de jonke Belsch Tim Wellens (+ 2:12). Hannendru koum de Ben Healy an d'Zil. Vun de Lëtzebuerger war kee bei der 19. Editioun vun dëser Course un den Depart gaangen.
Klassement vun den Dammen
1 VOLLERING Demi 3:49:04
2 VAN DER BREGGEN Anna 0:18
3 FERRAND-PRÉVOT Pauline 1:42
4 LABOUS Juliette ''
5 GARCÍA Mavi 1:47
6 KASTELIJN Yara 1:48
7 PIETERSE Puck 1:49
8 FISHER-BLACK Niamh 1:54
9 RÜEGG Noemi 1:55
10 SMULDERS Silke 1:59
Klassement vun den Hären
1 POGACAR Tadej 5:13:58
2 PIDCOCK Thomas + 1:24
3 WELLENS Tim + 2:12
4 HEALY Ben + 3:23
5 BILBAO Pello + 4:20
6 CORT Magnus +4:26
7 VERMEERESCH Gianni + 4:29
8 VALGREN Michael + 4:37
9 VAN EETVELT Lennert + 4:47
10 ADRIA Roger + 5:06