E Mëttwoch stounge bei Paris-Nice déi éischt Bierger um Menü.

De Joao Almeida huet e Mëttwoch déi véiert Etapp vu Paris-Nice gewonnen. De Portugis ass no 163 Kilometer uewenaus zu La Loge des Gardes nach op de leschte Meter laanscht de Jonas Vingegaard gefuer. Den Dän hat sech an der Schlussmontée zwee Kilometer virun der Arrivée aus engem klenge Grupp erausgeléist, ma konnt d'Avance net bis op d'Arrivée halen. Hien iwwerhëlt awer d'Féierung am General an huet do elo eng Avance vu fënnef Sekonnen op de Matteo Jorgensen.

Beschte Lëtzebuerger war de Kevin Geniets. Hien hat als 39. e Retard vu 4 Minutte 34 op den Almeida an ass elo och den 39. am General. De Bob Jungels huet als 104. ronn 16 Minutte verluer an ass elo den 99. an den drëtte Lëtzebuerger Alex Kirsch hat als 131. e Retard vun iwwer 18 Minutten a läit elo op der 131. Plaz.

Joao Almeida wënnt 4. Etapp vu Paris-Nice (de leschte Kilometer am Replay)
De Portugis ass op de leschte Kilometer laanscht de Jonas Vingegaard gefuer. Den Dän ass neie Leader.

Et war eng schwiereg Etapp fir d'Coureuren. Net nëmmen hunn déi éischt Bierger op si gewaart, ma och d'Wieder huet et de Profie schwéier gemaach. Niddreg Temperaturen a Schnéireen hu fir schwiereg Verhältnisser gesuergt. D'Coureuren hunn deels ganz lues misse fueren an et gouf och Accidenter, dat vun engem Motorrad an engem Ekippenauto vun AG2R-La Mondiale. D'Course gouf dowéinst dann och eng 50 Kilometer virun der Arrivée neutraliséiert. Dat huet fir eng oniwwersiichtlech Situatioun am Peloton gesuergt, well sech e ganze Koup kleng Gruppe forméiert hunn.

RTL

© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT AFP

28,8 Kilometer virun der Arrivée ass dunn nach emol alles gestoppt ginn an d'Course ass mat den Ecarte vu virun der Neutralisatioun nees lancéiert ginn. Un der Spëtzt eng Echappée vu siwe Mann, hannendrun op 1 Minutt 35 e Grupp vun dräi Leit an dann de Peloton op 2 Minutten 20. Am Peloton war den Tempo direkt ganz héich, sou datt dësen an e puer Gruppen auserneegefuer ass an och d'Lëtzebuerger Bob Jungels an Alex Kirsch hu misse lassloossen. Sechs Kilometer virun der Arrivée ass och de Kevin Geniets aus dësem erausgefall.

An der Schlussmontée zwee Kilometer virun der Arrivée huet de Grupp Maillot Jaune, mat nëmmen nach 11 Coureuren, mam Tobias Foss dee leschte Coureur aus der Echappée vum Dag agefaangen. De Jonas Vingegaard huet deen Ament och attackéiert a konnt sech eleng un d'Spëtzt setzen. Den Dän konnt seng Avance awer net bis op d'Arrivée halen an ass op de leschte Meter nach vum Joao Almeida iwwerholl. Fir de Portugis ass et déi 14. Victoire a senger Karriär. De Vingegaard ass elo a Giel.

Paris-Nice: Joao Almeida wënnt 4. Etapp, Jonas Vingegaard elo a Giel (Replay)
Schnéireen huet fir deels chaotesch Verhältnisser op der éischter Biergetapp vu Paris-Nice gesuergt.

D'Klassement vun der Etapp

1 ALMEIDA João UAE Team Emirates - XRG 3:37:06
2 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 0:01
3 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 0:02
4 MARTINEZ Lenny Bahrain - Victorious ,,
5 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA - hansgrohe 0:06
6 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike ,,
7 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates - XRG 0:09
8 TEJADA Harold XDS Astana Team 0:17
9 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers ,,
10 CHAMPOUSSIN Clément XDS Astana Team 0:21
...
39 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 4:34
104 JUNGELS Bob INEOS Grenadiers 16:09
131 KIRSCH Alex Lidl-Trek 18:20

De General

1 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 11:50:59
2 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 0:05
3 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 0:33
4 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA - hansgrohe 0:36
5 ALMEIDA João UAE Team Emirates - XRG 0:37
6 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers 0:56
7 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates - XRG 0:58
8 FOSS Tobias INEOS Grenadiers 1:06
9 MARTINEZ Lenny Bahrain - Victorious 1:09
10 CASTRILLO Pablo Movistar Team 1:22
...
39 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 6:56
99 JUNGELS Bob INEOS Grenadiers 18:46
131 KIRSCH ALEX  Lidl-Trek 23:34