De Matteo Jorgenson bleift donieft weiderhin am Maillot Jaune an huet virun der leschter Etapp e Sonndeg gutt Chancen op d'Victoire vum General.

E Samschdeg ass et op enger relativ kuerzer 7. Etapp vun Nice op Auron gaangen. D'Kinneksetapp, déi wéinst de Wiederkonditioune huet misse gekierzt ginn, wënnt no 109.3 Kilometer de Michael Storer virum Mauro Schmid (+20 Sekonnen) an dem Georg Steinhauser (+30s).  Am General bleift de Matteo Jorgenson weider am Maillot Jaune an huet fir déi lescht Etapp e Sonndeg bescht Chancen op d'Victoire vum General.

Beschte Lëtzebuerger op der 7. Etapp war den Alex Kirsch, dee mat engem Retard vu 4:17 op déi 43. Plaz komm ass. Am General bleift de Kevin Geniets mat der 28. Plaz de beschte klasséierte Lëtzebuerger.

Op Grond vun der kuerzer Renndistanz huet sech zimmlech séier nom Depart ee Grupp vun enger Dose Coureuren un der Spëtzt ofgesat a krut och ee gewëssen Ecart opgebaut. Ongeféier an der Hallschent vun der Course huet et dann och ugefaange mat reenen, deen am Verlaf tëschenzäitlech och ëmmer méi staark ginn ass. D'Konditioune fir d'Coureure waren alles anescht wéi ideal an dat huet och de Mattias Skjelmose ze spiere krut. Ronn 52 Kilometer virun der Arrivée ass den Drëtten aus dem Generalklassement wéinst enger Verkéiersinsel an der Mëtt vun der Strooss gefall. Fir den Norweger war d'Course doropshin eriwwer an hien huet missen an d'Spidol bruecht ginn.

Un der Tête de la course huet sech de Spëtzegrupp mat der Zäit ëmmer méi opgeléist a spéitstens bei der leschter Montée erop op Auron huet sech gewisen, wien nach déi meeschte Kraaft an de Been iwwreg hat. Dat sollt um Enn de Michael Storer sinn, deem et gelonge war, sech decisiv ofzesetzen an domat d'Victoire virum Mauro Schmid an dem Georg Steinhauser séchere konnt.

Paris-Nice: Michael Storer wënnt 7. Etapp, Matteo Jorgenson a Giel (Replay)
Kuckt d'Etapp am Replay

Am General bleift de Matteo Jorgenson weiderhin am Maillot Jaune. Den US-Amerikaner steet mat engem Ecart vu 37 Sekonne virum Florian Lipowitz an 1:20 Minutt virum Thymen Arensman.

E Sonndeg steet dann déi lescht Etapp vun der 83. Editioun vu Paris-Nice um Programm, wou d'Kaarte fir den US-amerikaner relativ gutt stinn. D'Coureuren sinn hei nach eemol iwwer 119.9 Kilometer mat Depart an Arrivée zu Nice gefuerdert.

Paris-Nice: Michael Storer wënnt 7. Etapp, Matteo Jorgenson a Giel (Replay)
Kuckt d'Etapp am Replay

D'Klassement vun der Etapp

  1. STORER Michael 2:43:31
  2. SCHMID Mauro 0:20
  3. STEINHAUSER Georg 0:30
  4. ROMEO Ivan 0:45
  5. JEGAT Jordan 0:50
  6. GALL Felix 0:57
  7. MARTINEZ Lenny 1:04
  8. LIPOWITZ Florian 1:11
  9. CHAMPOUSSIN Clément 1:14
  10. PEDERSEN Mads ,,

43. KIRSCH Alex 4:17
44. GENIETS Kevin 4:41

69. JUNGELS Bob 9:46

De General

  1. JORGENSON Matteo 23:37:42
  2. LIPOWITZ Florian 0:37
  3. ARENSMAN Thymen 1:20
  4. STORER Michael 2:25
  5. ALMEIDA João 2:40
  6. SHEFFIELD Magnus 2:54
  7. MCNULTY Brandon 3:05
  8. CHAMPOUSSIN Clément 3:22
  9. FOSS Tobias 3:28
  10. TEJADA Harold 3:36

28. GENIETS Kevin 13:37

71. JUNGELS Bob 35:34

80. KIRSCH Alex 38:47