Tirreno-Adriatico
Schlussvictoire geet un de Juan Ayuso

© STEFANO CAVASINO / LiveMedia / DPPI via AFP
E Sonndeg war déi 7. a lescht Etapp vun Tirreno-Adriatico an Italien.
Hei ass et fir d'Coureuren nach eemol iwwer 147 Kilometer vu Porto Potenza Picena op San Benedetto del Tronto gaangen. Am Massesprint op der Arrivée hat de Jonathan Milan nach déi meeschte Kraaft iwwreg a konnt sech sou virum Sam Bennett an dem Olav Kooij duerchsetzen.
Am General kann de Juan Ayuso um leschten Dag seng Féierung verdeedegen a wënnt den Tour um Enn mat 35 Sekonne virum Filippo Ganna a 36 Sekonne virum Antonio Tiberi.
Bei der 60. Editioun vun Tirreno-Adriatico war kee Lëtzebuerger Coureur mat un den Depart gaangen.
Am meeschte gelies