Roglic séchert sech 4. Etapp an ass neie Leader

© AFP
Um Donneschdeg goung et iwwer 188 e bësse méi hiwweleg Kilometer vu Sant Vicenç de Castellet op Montserrat Mil Ienari.
Dobäi konnt sech de Slowen Primoz Roglic bei der Arrivée um Bierg géint de Spuenier Juan Ayuso duerchsetzen. Béid Coureure goufe mat der selwechter Zäit gewäert. Si haten 3 Sekonnen Avance op de Enric Mas, Lenny Martinezh, Mikel Landa a Felix Gall.
Duerch seng Victoire ass de Primoz Roglic elo och neie Leader, dat zäitgläich mam Juan Ayuso, deen de Leadertrikot nach bei dëser Etapp op de Schëlleren hat. Den Enric Mas huet ronn 20 Sekonne Retard op den Duo un der Spëtzt.
De Michel Ries gëtt den 39. op 2 Minutten a 44 Sekonnen an de Mats Wenzel gouf den 120. op iwwer 20 Minutten. Am Generalklassement steet de Michel Ries op der 36. an de Mats Wenzel op der 86. Plaz.
D'Klassement vun der Etapp
1 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 4:24:08
2 AYUSO Juan UAE Team Emirates - XRG ,,
3 MAS Enric Movistar Team 0:03
4 MARTINEZ Lenny Bahrain - Victorious ,,
5 LANDA Mikel Soudal Quick-Step ,,
6 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
7 VAN EETVELT Lennert Lotto ,,
8 RICCITELLO Matthew Israel - Premier Tech 0:06
9 LÓPEZ Juan Pedro Lidl - Trek 0:21
10 PELLIZZARI Giulio Red Bull - BORA - hansgrohe 0:26
...
39 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 2:44
120 WENZEL Mats Equipo Kern Pharma 20:21
D'Generalklassement
1 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 18:54:50
2 AYUSO Juan UAE Team Emirates - XRG ,,
3 MAS Enric Movistar Team 0:20
4 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 0:21
5 MARTINEZ Lenny Bahrain - Victorious 0:27
6 VAN EETVELT Lennert Lotto ,,
7 RICCITELLO Matthew Israel - Premier Tech 0:45
8 LÓPEZ Harold Martín XDS Astana Team 0:55
9 LECERF Junior Soudal Quick-Step 0:58
10 DE PLUS Laurens INEOS Grenadiers ,,
...
36 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 8:16
86 WENZEL Mats Equipo Kern Pharma 36:24