Van der Poel, van Aert, Pedersen oder awer eng Iwwerraschung?
E Freideg geet et an der 67. Editioun vum E3 Saxo Classic iwwer 208,8 Kilometer vu Harelbeke zeréck op Harelbeke.
Mathieu van der Poel a Wout van Aert sinn déi zwee Coureuren, déi den E3 déi lescht zwee Joer gewonnen hunn. Dat seet Villes iwwer d`Renommée vun der Course aus. Och den Tadej Pogacar stoung 2023 scho mat um Podium, huet awer mat der rezenter Annonce, fir Paris - Roubaix wëllen ze fueren, fir e Freideg Forfait erkläert a fiert dës Woch keng Course.
De van der Poel hat der Konkurrenz d'lescht Joer mat engem laange Solo keng Chance gelooss an de Vainqueur vu Mailand-San Remo gehéiert och bei dëser Editioun zu de grousse Favoritten. Säi éiwege Konkurrent van Aert huet sech zu Teneriffa um Teide an der Héicht op déi wichtegst zwou Woche vu senger Saison preparéiert an huet eng staark EkippVisma Lease a Bike u senger Säit.
A propos staark Ekipp, dozou kann ee ganz sécher och Lidl- Trek zielen. De Mads Pedersen hat bei Paris - Nice seng excellent Form gewisen a mat engem staarke Kollektiv kéint een déi zwee grouss Favoritten a Schwieregkeete bréngen. Eenzege B-Mol: Den Alex Kirsch ass nach ëmmer net ganz gesond an hofft awer, fir e Freideg um Depart ze stoen. Am grousse Ganze sinn an der US-Amerikanescher Ekipp e puer Coureure krank. Nieft dem Alex Kirsch steet och de Bob Jungels fir Ineos an der Startlëscht.
Wien e Freideg géint 17.30 Auer als Éischten zu Harelbeke iwwer d`Arrivée fiert, dat gesitt Dir live vun 15 Auer op der Tëlee an am Stream op RTL.lu