De Primoz Roglic war just 1 Sekonn méi lues wéi de Britt an den Drëtten Jay Vine hat e Réckstand vun 3 Sekonnen. De Roglic ass neien Éischten am General.

Déi zweet Etapp vum Giro d'Italia war en Zäitfueren iwwer knapp 14 Kilometer ronderëm Tirana. De Joshua Tarling war mat 16'07'' de Séiersten. De Britt hat e Virsprong vun 1 Sekonn op den héichgehandelete Primoz Roglic, d'Avance op den Jay Vine aus Australien louch bei 3 Sekonnen. Den Ecart tëscht den éischte 6 Positioune war maximal 8 Sekonnen. De Gewënner vun der éischter Etapp, de Mads Pedersen, huet sech als 7. klasséiert.

Aus Lëtzebuerger Siicht sinn de Kevin Geniets an de Michel Ries beim Giro um Depart. De Geniets gouf beim Zäitfueren 83. (+1:18) an de Michel Ries huet sech als 167. (+2:01) klasséiert.

D'Resultat vum Zäitfueren huet och Auswierkungen op d'Generalklassement. Hei huet de Primoz Roglic d'Féierung vum Mads Pedersen iwwerholl. De Sloween huet awer just 1 Sekonn Avance op den Dän.

Klassement vun der Etapp

1 TARLING Joshua 16:07
2 ROGLIČ Primož 0:01
3 VINE Jay 0:03
4 AFFINI Edoardo 0:06
5 VACEK Mathias 0:06
6 HOOLE Daan 0:08
7 PEDERSEN Mads 0:12
8 MCNULTY Brandon 0:13
9 HAYTER Ethan 0:14
10 AYUSO Juan 0:17
...
83 GENIETS Kevin 1:18
167 RIES Michel 2:01

Generalklassement

1 ROGLIČ Primož 3:52:32
2 PEDERSEN Mads 0:01
3 VACEK Mathias 0:05
4 MCNULTY Brandon 0:12
5 AYUSO Juan 0:16
6 DEL TORO Isaac 0:17
7 POOLE Max 0:24
8 TIBERI Antonio 0:25
9 STORER Michael 0:27
10 PELLIZZARI Giulio 0:31
...
65 GENIETS Kevin 2:54
81 RIES Michel 4:20