Demi Vollering gewënnt Schlussetapp a Gesamtklassement

© AFP
D'Hollännerin konnt sech d'Victoire bei der Biergarrivée duerch eng Attack 700 Meter virum Zil sécheren an d'Marlen Reusser hannert sech loossen.
Et war déi siwent a lescht Etapp vun der dësjäreger Vuelta Femenina an et goung nom Depart zu La Robla iwwer 152,5 Kilometer mat enger Biergarrivée zu Alto de Cotobello. An dat bei ganz schlechte Wiederkonditiounen. Dräi Kilometer virun der Arrivée war eng kleng Echappée mat de Favoritinnen, der Demi Vollering, Marlen Reusser, Cédrine Kerbaol an Anna van der Breggen, vir. Hannendru koumen nach dräi méi kleng Gruppen.
Dës véier Fuererinne sollte bis op de leschte Kilometer zesummebleiwen, éier d'Demi Vollering 700 Meter virun der Arrivée alles op eng Kaart gesat a sech vun der Grupp ofgesat huet. Dësen Effort sollt sech bezuelt maachen. D'Hollännerin konnt hir Konkurrentinnen distanzéieren a virun der Schwäizerin Marlen Reusser an der Franséisin Cédrine Kerbaol gewannen.
An der Gesamtwäertung huet d'Vollering domat och hir Avance nach eng Kéier ausgebaut an hat um Enn e komfortabele Virsprong op d'Marlen Reusser, déi sech duerch hir zweet Plaz nach virun d'Anna van der Breggen gedréckt huet. D'Vollering kann domat hir Victoire aus dem leschte Joer confirméieren.
Et war keng Lëtzebuergerin um Depart vun der Vuelta.
D'Klassement vun der Etapp
1 VOLLERING Demi 4:23:34
2 REUSSER Marlen 0:11
3 VAN DER BREGGEN Anna 0:25
4 KERBAOL Cédrine 0:35
5 FISHER-BLACK Niamh 0:56
6 LABOUS Juliette 1:05
7 TRINCA COLONEL Monica 1:22
8 MUZIC Évita 1:42
9 BUNEL Marion 1:52
10 VINKE Nienke 2:06
D'Generalklassement
1 VOLLERING Demi 19:41:32
2 REUSSER Marlen 1:01
3 VAN DER BREGGEN Anna 1:16
4 KERBAOL Cédrine 2:34
5 LABOUS Juliette 3:24
6 FISHER-BLACK Niamh 3:25
7 TRINCA COLONEL Monica 4:07
8 KASTELIJN Yara 5:20
9 VINKE Nienke 5:40
10 MUZIC Évita 5:41