Fir de Michel Ries war et speziell, an Albanien fortzefueren

© LUCA BETTINI AFP
Zanter e Freideg gëtt déi 108. Editioun vum Giro d'Italia gefuer. Den Depart war an Albanien. Zanter en Dënschdeg ass de Peloton nees an Italien.
En atypeschen Optakt war et jiddefalls. Albanien war Neiland fir den Tour duerch Italien. Ronn 7 Milliounen Euro soll d'Land investéiert hunn, fir den Depart vum Giro ze kréien, an esou hofft een, op d'mannst mat flotte Biller den Tourismus ze stäerken. Elo, wou de Peloton nees an Italien ass, gëtt et Zäit, en éischte klenge Bilan ze maachen.
Besonnesch déi Deeg éier de Grand Depart war, wieren net evident gewiescht. Albanien ass keng Vëlosnatioun, dat hätt een och déi Deeg éier et lassgaangen ass beim Training duerch de Verkéier gemierkt, sou de Michel Ries am RTL-Interview.
D'Stroosse fir d'Course wieren an engem gudden Zoustand an dem Coureur vun Arkéa - B&B Hotels no wieren och vill Spectateuren do gewiescht. Fir de Michel Ries selwer gouf et am Zäitfueren e Samschdeg eng kleng Chute, soss wier fir hien awer alles gutt verlaf.
De 27 Joer ale Coureur wäert probéieren, fir gutt duerch déi nächst Etappen ze kommen an dann eventuell an enger vun de méi schwéieren Etappen eng gutt Echappée ze erwëschen.
Wat d'Favoritten ugeet, do gesäit de Michel Ries de Primoz Roglic am Moment an enger gudder Positioun. De Sloween, deen den Giro am Joer 2023 gewonnen hat, wier souverän am Peloton ënnerwee an hätt d'Course ënner Kontroll.
Mam Kevin Geniets ass och de Lëtzebuerger Champion den Ament beim Giro d'Italia am Asaz. Och hien ass gutt duerch déi éischt Etappe komm. E Mëttwoch ass hien de 14. ginn an ass zäitgläich mam Gewënner Mads Pedersen ukomm.