4 Jours de Dunkerque
Jake Stewart gewënnt lescht Etapp

© AFP (Archiv)
Am Generalklassement huet de Samuel Watson seng Féierung virum Lewis Askey verdeedegt.
De Peleton war zesummen op de leschte Kilometer gaangen, wou sech den Jake Stewart am Sprint duerchsetze konnt. Knapp hannert him koumen den Alberto Dainese an den Thibaud Gruel.
Am Generalklassement huet sech no dëser leschter Etapp net méi vill geännert. De Samuel Watson blouf Éischte mat enger Avance vu 4 Sekonnen op de Lewis Askey. De Spuenier Carlos Canal koum um Enn op déi drëtt Plaz.
De Bob Jungels war déi dräi lescht Etappen net méi matgefuer.
Am meeschte gelies