Mam Charel Meyers an Tim Diederich ginn zwee Coureure vun der FSCL bei der Flèche du Sud a bei de Spiller vun de klenge Länner un den Depart.

An den nächsten zwou Woche stinn aus Lëtzebuerger Siicht zwee wichteg Rendez-vousen um Programm: d'Flèche du Sud an d'Spiller vun de klengen europäesche Länner an Andorra. D'regional Course vum UC Dippech war dohier eng gutt Occasioun, fir d'Leeschtung ze testen. Mam Tim Diederich an dem Charel Meyers waren zwee Coureuren hei um Depart. Den Tim Diederich gouf fir Andorra selektionéiert, de Charel Meyers wäert bei der Flèche du Sud matfueren.

Um Parcours ronderëm Schuller an Duelem waren 18 Tier vu 5,3 Kilometer ze fueren.  Scho fréi an der Course ass d`Virentscheedung gefall. Ënner dem Impuls vu Meyers, Wallenborn an Thill huet sech séier eng 5 Mann grouss Echappée forméiert, déi ni méi sollt agefaange ginn. Den Tim Diederich hat dee Coup verpasst an huet hannendrun an engem Verfollgergrupp alles probéiert, fir nach eemol un d`Spëtzt ze kommen. Aus 20 Sekonne Retard sinn et der 40 ginn a bei hallwer Course war kloer, datt Meyers,Wallenborn an Thill d`Victoire ënner sech géifen ausmaachen.

Éier et an de leschten Tour gaangen ass, huet den Tom Thill vir misse lassloossen. Zu zwee sinn se op déi lescht 5 Kilometer gaangen. Am Sprint biergop hat de Charel Meyers an engem Millimeter-Sprint d`Nues vir. De Coureur aus der Schwäizer Ekipp Tudor, den Arno Wallenborn, konnt sech als Zweete klasséieren, virum Tom Thill, deen 48 Sekonne Réckstand hat. Och hie war op Dippech komm, fir seng nächst Courssen ze preparéieren. Den Tim Diederich konnt sech als Véierte klasséieren an ass prett fir Andorra. Dat selwecht zielt fir de Charel Meyers, deen zouversiichtlech an déi nächst Coursse ka goen.