De Belsch konnt sech virum Timo de Jong a Matthew Fox behaapten. Als beschte Lëtzebuerger huet sech de Charel Meyers klasséiert.

Am Prolog e Mëttwoch gouf et eng Victoire fir de Kevin Prezzo.

En Donneschdeg stoung déi éischt Etapp iwwer 151.2 Kilometer mat Depart an Arrivée zu Rëmeleng um Programm. Um Enn war d'Decisioun an engem Massesprint gefall, wou de Seppe van den Boer nach déi meeschte Kraaft an de Been hat a sech sou d'Dagesvictoire séchere konnt. Dat virum Hollänner Timo de Jong an dem Australier Matthew Fox.

Och zesumme mam Peloton ukomm sinn d'Lëtzebuerger Coureure Charel Meyers (Plaz 43) an den Tom Thill (60).

Am General bleift de Kevin Pezzo zäitgläich mam Martijn Rasenberg Leader an den Timo Jong steet mat engem Ecart vun dräi Sekonnen op der drëtter Plaz. Beschte Lëtzebuerger ass hei aktuell den Tom Thill, deen en Donneschdeg véier Plaze gutt maache konnt an elo mat engem Réckstand vu 43 Sekonnen den 53. ass.

De Resumé

Bei guddem Vëloswieder ass et de Mëtteg fir déi 118 Coureuren op déi éischten Etapp vun dëser Flèche du Sud gaangen. 9 Mol de Langegron erop an hei gouf et fënnef mol Punkte fir de Grand Prix de la Montagne. Fréi hat sech eng Echappée vun zwee geformt, dat mam Joshua Huppertz an dem Simone Zanini, déi tëschenzäitlech iwwer zwou Minutten Avance kritt haten. Ma bei deem gudde Wieder haten och vill Spectateuren de Wee un d’Stréck fonnt fir sech de Spektakel net entgoen ze loossen. No Hallwer Course kruten déi zwee un der Spëtzt dunn Ënnerstëtzung vun dräi weidere Coureuren, de Virsprong sollt nach eng Kéier kuerz an d’Luucht goen, ma wéi déi Schwäizer Equipe Elite fondation Cycling den Tempo ugezunn huet sollt et séier gedoe si fir d’Spëtzt, a sou ass eng ronn 40 Kilometer viru Schluss nees alles zesumme gerullt.

Wéi schonns an deene leschte Joere sollt d’Etapp zu Rëmeleng och haut mat engem Sprint op en Enn goen. No deenen 151 Kilometer war et de Belg Sepp van der Boer mat deene beschte Been, dat virum Hollänner Timo de Jong. Als éischte Lëtzebuerger ass de Charel Meyers, als 43ten iwwert de Wäisse Stréch gefuer. Am Giele Maillot vum beschte Lëtzebuerger bleift den Tom Thill deen och probéiere wäert dëse sou laang wéi méiglech ze verdeedegen.

E Freideg geet et da fir d’Flèche du Sud op Suessem.

D'Klassement vun der 1. Etapp

1. VAN DEN BOER Seppe 3:30:30
2. DE JONG Timo ,,
3. FOX Matthew ,,
4. MAINGUENAUD Lucas ,,
5. MEIN Thomas ,,
6. PEZZO ROSOLA Kevin ,,
7. BORTOLUZZI Giovanni ,,
8. GONOV Lev ,,
9. HAVERDINGS David ,,
10. VANICEK Simon ,,

43. MEYERS Charel ,,

60. THILL Tom ,,

85. TABER Tyler 0:45

88. SCHMIT Philippe 1:11

99. BRESER Pol 5:58

104. SCHMIT Sven 7:39

De General

1. PEZZO ROSOLA Kevin 3:41:00
2. RASENBERG Martijn ,,
3. DE JONG Timo 0:03
4. HEREMANS Joppe 0:07
5. JUCK Léandre ,,
6. VAN DER WAL Rik 0:08
7. KURKLE Michael ,,
8. BÖGLI Noah ,,
9. BORTOLUZZI Giovanni 0:09
10. GONOV Lev ,,

53. THILL Tom 0:43

80. MEYERS Charel 1:15

90. TABER Tyler 2:23
91. SCHMIT Philippe 2:28

101. BRESER Pol 7:26

109. SCHMIT Sven 10:11