No dräi Montéeë vun der 1. Kategorie war de Fransous mat enger Avance vun 58 Sekonnen op den Isaac del Toro an de Richard Carapaz ukomm.

Op der drëttleschter Etapp vum Giro d‘Italia missten d'Coureuren nach eemol richteg an d'Pedallen drécken. No 166 Kilometer gouf et op der Arrivée zu Champoluc ee Succès en solitaire fir den Nicolas Prodhomme. De Fransous hat eng Avance vun 58 Sekonnen op den Isaac del Toro an de Richard Carapaz.

De Kevin Geniets gouf de 76. op iwwer 32 Minutten.

Am General huet den del Toro 43 Sekonnen Avance op de Carapaz. De Kevin Geniets ass de 36.