Iván Romeo gewënnt an ass den neie Leader am General
Op der wallonéierter Etapp iwwert ronn 207 Kilometer vu Brioude op Charantonnay konnt sech de Spuenier virum Kolumbianer Harold Tejada behaapten.
Aus enger Echappée ronderëm de Mathieau Van der Poel eraus konnt sech den Iván Romeo en Dënschdeg behaapten a sech de giele Maillot sécheren. No 35 Kilometer Course hunn 13 Coureuren attackéiert. An der Schlussphas vun der Etapp war de Grupp dunn awer méi kleng. No verschiddenen Attacke konnt sech de Spuenier ronn 10 Kilometer virun der Arrivée eng kleng Avance erausfueren, déi hien och bis zum Schluss sollt bäibehalen.
De Lëtzebuerger Michel Ries koum mat engem Retard vu 5 Minutten an 28 Sekonnen op déi 94. Plaz. Am General ass hien den 99. op 6 Minutten a 36 Sekonnen.
Top 10 vum der Etapp
1 ROMEO Iván Movistar Team 4:34:10
2 TEJADA Harold XDS Astana Team 0:14
3 BARRÉ Louis Intermarché - Wanty ,,
4 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
5 VAN DER POEL Mathieu Alpecin - Deceuninck 0:27
6 LAURANCE Axel INEOS Grenadiers ,,
7 ROLLAND Brieuc Groupama - FDJ ,,
8 BERNARD Julien Lidl - Trek ,,
9 LEKNESSUND Andreas Uno-X Mobility ,,
10 DUNBAR Eddie Team Jayco AlUla ,,
...
94 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 5:28
General no der 3. Etapp
1 ROMEO Iván Movistar Team 14:09:01
2 BARRÉ Louis Intermarché - Wanty 0:17
3 TEJADA Harold XDS Astana Team 0:18
4 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA -hansgrohe 0:24
5 VAN DER POEL Mathieu Alpecin - Deceuninck 0:29
6 DUNBAR Eddie Team Jayco AlUla 0:37
7 ROLLAND Brieuc Groupama - FDJ ,,
8 LEKNESSUND Andreas Uno-X Mobility ,,
9 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates - XRG 1:06
10 WRIGHT Fred Bahrain - Victorious 1:12
...
99 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 6:36