Wat kritt ee fir eng Etappevictoire? Wéi eng Primm gëtt et fir de Schlussgewënner? Dës an aner interessant Zuele stinn am Katalog vun de Präisgelder.

Beim Tour de France ginn dëst Joer 2.577.731 Euro Präisgeld verdeelt. Eng Grëtz manner wéi 2024. Dësen imposante Montant gëtt esou opgedeelt ënnert de Coureuren:

All Etappegewënner kritt 11.000 Euro. Fir den Zweete gëtt et 5.500 Euro, deen Drëtte kritt 2.800 Euro. Deem 20. vun all Etapp wénke nach 300 Euro.

De Gewënner vum Tour ka sech iwwer 500.000 Euro freeën. Deen Zweete kritt 200.000 Euro, a fir déi drëtte Plaz am General gëtt et 100.000 Euro. Vun der 20. Plaz u gëtt et fir all Fuerer, deen zu Paräis ukënnt, bis Plaz 160 nach jeeweils 1.000 Euro.

All Dag am Maillot jaune brénge 500 Euro.

All Dag am Maillot vert ginn 300 Euro. Bei all Tëschesprint ginn et 1.500, 1.000 a 500 Euro. De beschte Sprinter vum Tour kritt 25.000 Euro, fir den Aachten an deem Klassement sinn et nach 2.000 Euro.

All Dag am Maillot vum beschte Grimpeur bréngen 300 Euro an. De beschte Grimpeur um Enn vum Tour kritt och 25.000 Euro, an och do si fir den Aachten am General nach 2.000 Euro ze huelen. Am Kader vum 50. Gebuertsdag vum Maillot à points ginn et dëst Joer extra 5.000 Euro fir deen éischte Fuerer, dee 50 Biergpunkte sammelt.

Wien als Éischten uewen op engem Sommet hors catégorie ass, gëtt mat 800 Euro belount. Den Zweete kritt 450 Euro, an den Drëtten uewen op der Kopp verdéngt sech 300 Euro. Dee Séiersten op engem Col vun der éischter Kategorie kritt 650 Euro, bei der zweeter Kategorie sinn et 500 Euro.

Um Col du Tourmalet gëtt de "Souvenir Jacques Goddet" verginn, deen ass mat 5.000 Euro dotéiert.

Den héchste Punkt vum Tour ass dëst Joer de Col de la Loze (2.304m), a mam "Souvenir Henri Desgrange" gëtt deen Éischten uewenaus och mat 5.000 Euro belount.

Fir d'Dagesvictoire vun enger Ekipp ginn et 2.800 Euro. Dat beschten Team um Enn vum Tour verdéngt sech 50.000 Euro. Fir dat Fënneft ginn et ëmmerhin nach 8.000 Euro.

De beschte Jonke vum Dag gëtt mat 500 Euro belount. Wien de wäissen Trikot dréit, kritt dofir pro Dag 300 Euro. Dem Schlussgewënner vum wäisse Maillot wénken zu Paräis 20.000 Euro.

Dee Coureur, deen am meeschte gekämpft huet, krit um Enn vum Dag 2.000 Euro. Vun engem Jury gëtt de Schlussgewënner vum meilleur combatif ausgewielt, a mat 20.000 Euro präméiert. Wien am beschten hëlleft an den 3 Wochen Tour, verdéngt sech 2.000 Euro, an de beschten Teamkolleeg gëtt mat 3.000 Euro ausgezeechent.