Ralph Diseviscourt huet bei der Tortour de Podium am Viséier
En Donneschdeg huet den "Dizzy" seng nächst Aventure am Ultracyclissem gestart.
Um Donneschdeg Owend war den Depart vun der Tortour. Et ass eng Non-Stop-Course iwwer 1.000 Kilometer, déi an der Schwäiz gefuer gëtt. 2015 an 2018 huet de Ralph Diseviscourt dës Course gewonnen. An de leschte Joren ass hien awer net méi un den Depart an der Schwäiz gaangen. Bei dëser Editioun probéiert hien awer nees, op de Podium ze fueren.
An der Lescht ass den Ultracyclist sougenannten Unsupported-Coursse gefuer. Bei deene war hie komplett op sech selwer gestallt. An der Schwäiz huet hien awer nees eng ganz Ekipp hannert sech, déi fir de Ravi, technesche Support a.s.w. zoustänneg ass. Fir déi 1.000 Kilometer dierft de Lëtzebuerger ongeféier 40 Stonne brauchen. Am Ganze stinn eng 13.500 Héichtemeter um Programm.