Schlussvictoire fir Zoe Bäckstedt, d'Marie Schreiber huet opginn

© Fernand Schmitz
Déi 4. a lescht Etapp gouf vun der Italieenerin Martina Fidanza am Massesprint virum Barbara Guarischi an dem Chiara Consonni gewonnen.
Op der leschter Etapp vun der Baloise Ladies Tour stoungen 127,3 Kilometer ronderëm Zwevegem um Programm.
Um Enn war d'Martina Fidanza (Team Visma | Lease a Bike) am Sprint déi séierst. Op d'Plazen 2 an 3 koume mam Barbara Guarischi (Team SD Worx - Protime) a mam Chiara Consonni (CANYON//SRAM zondacrypto) zwou weider Italieenerinnen. Aus Lëtzebuerger Siicht ass d'Marie Schreiber d'Course net op en Enn gefuer. No der 3. Etapp louch d'Lëtzebuergerin nach op der 5. Plaz am General.
Dee gouf um Enn vum Zoe Bäckstedt gewonnen. Och nach op de Podium koum d'Ellen van Dijk aus Holland an d'Marthe Goossens aus der Belsch.
D'Klassement vun der Etapp
1 Fidanza Martina Team Visma | Lease a Bike 03:07:19
2 Guarischi Barbara Team SD Worx-Protime „
3 Consonni Chiara CANYON//SRAM zondacrypto „
4 Copponi Clara Lidl-Trek „
5 Barbieri Rachele Team Picnic PostNL „
6 De Wilde Julie Fenix-Deceuninck „
7 Scavone Dina Carbonbike Giordana by Gen Z „
8 De Clercq Katrijn Lotto Ladies „
9 Meert Marieke VolkerWessels Women's Pro Cycling Team „
10 Kumiega Karolina KDM-Pack Cycling Team „
De General
1 Backstedt Zoe CANYON//SRAM zondacrypto 11:37:11
2 van Dijk Ellen Lidl-Trek + 12
3 Goossens Marthe AG Insurance-Soudal Team + 26
4 Vigié Margaux Team Visma | Lease a Bike + 28
5 Koch Franziska Team Picnic PostNL + 32