Fan wëll d'Arrivée vum Tour de France crashen

Kuerz virun der "richteger" Arrivée war schonn e "Fan" iwwert de Stréch gefuer zu Valence... / © AFP
Wéi d'Coureuren e Mëttwoch nach ronn 1 Kilometer vun der Arrivée ewech waren, wollt e "Fan" mat sengem Vëlo als Éischten iwwer d'Arrivée fueren.
En 31 Joer ale Mann vu Montélimar hat et am Virfeld vun der Arrivée vun der 17. Etapp zu Valence fäerdeg bruecht, mat sengem Vëlo op de Parcours ze kommen. Wéi de Peloton manner wéi 2 Kilometer vun der Arrivée ewech war, wollt hien als Alleréischten driwwer fueren.
Verfollegt vun engem Policeauto, konnt hien esou just iwwert de Stréch fueren, éiert hie vun engem CRS-Member mat engem Bodycheck vu sengem Vëlo erofgehäit gouf. De Biller no huet de "Fan" sech dobäi nawell gutt blesséiert, mä sou séier et goung, gouf hie vun de presente Polizisten aus de Féiss geschleeft an duerno festgeholl.
Wéi eng Motiver de Mann hat, ass onkloer. D'Aktioun gouf net op der Tëlee gewisen, an duerno vum Organisateur ASO och net weider kommentéiert. Et war fir déi zweete Kéier dës Woch, dass, trotz grousse Sécherheetsmesuren, e Fan et fäerdeg bruecht huet, sech op der Ligne d'arrivée an Zeen ze setzen. Op der 11. Etapp war et engem Pro-Palestina-Manifestant gelongen, iwwer d'Streck ze lafen an den Zil-Sprint ze stéieren.