Kaden Groves wënnt en solitaire, Tadej Pogacar steet viru 4. Schlussvictoire
De Coureur vun Alpecin-Deceuninck hat eng 16 Kilometer virun der Arrivée déi decisiv Attack gesat.
Op der zweetleschter Etapp vum Tour de France gouf et e Samschdeg eng australesch Victoire. De Kaden Groves huet sech no wallonéierten 185 Kilometer tëscht Nantua a Pontarlier en solitaire duerchgesat. Hien hat op der Arrivée eng Avance vu 54 Sekonnen op den Hollänner Frank van den Broek. Als Drëtten ass den Hollänner Pascal Eenkhoorn op 59 Sekonnen iwwer d'Arrivée gefuer.
De Groves war an der Echappée vum Dag vertrueden. Am Verlaf vun der Etapp ass de Spëtzegrupp ëmmer nees auserneegefall. 16,5 Kilometer virun der Arrivée huet de Kaden Groves, deen deen Ament nëmmen nach mam Jake Stewart an dem Frank van den Broek ënnerwee war, déi decisiv Attack gesat. Bei Reen an naasse Stroossen huet hie sech um Enn net méi afänke gelooss an huet domadder déi zweetlescht Etapp vum Tour de France 2025 gewonnen.
De 26 Joer alen Australier huet no siwen Etappe bei der Vuelta an zwou Etappe beim Giro elo och fir d'éischte Kéier eng Etapp bei senger Tour-Première gewonnen. Als 114. Coureur an der Geschicht vum Vëlossport huet hien elo Etappevictoirë bei den dräi groussen Tier.
De Peloton mam Maillot Jaune Tadej Pogacar, dem Zweete Jonas Vingegaard an dem Drëtte Florian Lipowitz hat op der zweetleschter Etapp e Retard vu ronn siwe Minutten.
Den Tadej Pogacar steet domadder viru senger véierter Schlussvictoire. Virun der leschter Etapp huet hien eng Avance vu véier Minutten a 24 Sekonnen op de Jonas Vingegaard an eelef Minutten an néng Sekonnen op de Florian Lipowitz.
Eng Ännerung gouf et awer nach an den Top10. Neien 10. ass de Fransous Jordan Jegat. Hie war an der Echappée vum Dag an ass als 7. op eng Minutt a véier Sekonnen ukomm. Domadder konnt hien de Ben O'Connor, dee mam Peloton ukomm ass, nach iwwerhuelen.
E Sonndeg geet et dann op Paräis, wou den Tour de France op de Champs-Elysées op en Enn geet. Hei hu sech d'Organisateuren awer nach emol eppes afale gelooss. An der Schlussphas vun der Etapp geet et nämlech nach dräi Mol Côte de la Butte Montmartre erop.
D'Klassementer vun der Etapp an de General