Oliver Knight am Sprint de Séiersten

© BRUNO FAHY / BELGA MAG / Belga via AFP
Déi zweet Etapp vum Tour de Wallonie ass vu Huy op Sambreville gaangen. Den Knight huet am General och d'Féierung vum Corbin Strong iwwerholl.
Déi zweet vun insgesamt fënnef Etappe goung iwwer 153 Kilometer a gouf, wéi schonn déi éischt Etapp, am Sprint decidéiert. Dës Kéier hat de Britt Oliver Knight déi séierst Been a gewënnt knapp virum Lorenzo Milesi an dem Louis Rouland. De Corbin Strong, deen déi éischt Etapp gewonnen hat, koum als Zéngten an der selwechter Zäit wéi de Gewënner un, muss de Maillot vum Leader wéinst der Zäitbonifikatioun awer un den Knight ofginn.
De Kevin Geniets an den Alex Kirsch sinn an der selwechter Zäit wéi de Gewënner iwwer d'Ligne d'arrivée gefuer an hu sech als 43. respektiv 68. klasséiert.
Am General huet den Oliver Knight elo 1 Sekonn Virsprong op de Strong a 5 Sekonnen op den Drëttplacéierte Rasmus Tiller aus Norwegen. Hei ass de Geniets de 34. op 11 Sekonnen an de Kirsch läit mam selwechte Réckstand op der 62. Plaz.
Klassement vun der Etapp
1 Knight Oliver 3:25:49
2 Milesi Lorenzo 0:00
3 Rouland Louis ''
4 Dujardin Sandy ''
5 Mozzato Luca ''
...
43 Geniets Kevin 0:00
68 Kirsch Alex ''
De General
1 Knight Oliver 7:39:38
2 Strong Corbin 0:01
3 Tiller Rasmus 0:05
4 Rouland Louis ''
5 Kielich Timo ''
...
34 Geniets Kevin 0:11
62 Kirsch Alex ''