Promotioun vum Cyclissem als Zil
Nom Pech mam Reen an de leschte Joren hate sech nees vill Leit zu Wëntger afonnt. Et war déi 15. Editioun vun dëser Manifestatioun.
Et war déi 15. Editioun vu 24 Stonne Vëlo Wëntger, déi d'Promotioun vum Cyclissem als Zil huet. Nieft den Ekippen, déi sech fir d'24 Stonnen ageschriwwen haten, waren och 120 Jugendlecher am Virfeld un den Depart gaangen.
D'Haaptcourse steet och ëmmer am Zeeche fir e gudden Zweck. Zwielef Coureuren sinn déi 24 Stonnen um 3,5 Kilometer laange Circuit eleng ugaangen, déi aner Ekippen hu sech reegelméisseg ofgewiesselt - meeschtens am Stonnerhytmus.
Nieft dem Vëlo war och fir déi richteg Stëmmung bis spéit an d'Nuecht gesuergt. Besonnesch faszinéierend war den Iwwergang vum Dag an d'Nuecht, well vun elo un hunn d’Luuchten un de Vëloen a laanscht Streck de Coureuren de Wee gewisen.