Pauline Ferrand-Prévot wënnt Etapp a Maillot Jaune

© AFP
Déi lescht Etapp goung iwwer 124 Kilometer nees duerch d'Alpen, bis un d'Grenz zur Schwäiz. D'Ferrand-Prévot konnt zu Châtel hir zweet Victoire feieren.
Op der 9. a leschter Etapp vum Tour de France Femmes gouf et nees eng Victoire vun der Pauline Ferrand-Prévot, déi eréischt e Samschdeg hir Leeschtung ënner Beweis gestallt hat. Mat dëser Victoire zu Châtel Les Portes du Soleil konnt d'Franséisin och de General fir sech entscheeden - si hat de Maillot Jaune eréischt den Dag virdru kritt. Et ass déi éischt franséisch Gesamtvictoire zënter der Jeannie Longo viru 36 Joer. D'Demi Vollering gouf op dëser 124 Kilometer laanger Etapp déi Zweet, d'Katarzyna Niewiadoma, d'Gewënnerin vun der Editioun 2024, déi Drëtt.
Am General konnt d'Olympiagewënnerin vun 2024 hir Spëtzepositioun souverän verdeedegen a gewënnt den Tour de France Femmes 2025 virun der Demi Vollering (+ 3:42) an der Katarzyna Niewiadoma (+ 4:09). D'Schlussklassement ass op den éischte Plaze quasi identesch mat de Placéierunge vun der leschter Etapp.
De Biergtrikot geet un d'Elise Chabbey, déi sech dëse mat hirem Exploit um Samschdeg geséchert huet. D'Lorena Wiebes gewënnt de grénge Maillot vun der beschter Sprinterin an d'Nienke Vinke gëtt bescht jonk Fuererin.
Genee wéi e Samschdeg hat et och déi lescht Etapp a sech: zwee Bierger vun der Kategorie 1 (Côte d'Arâches-la-Frasse a Col du Galibier) an een Hors catégorie (Col de Joux Plane waren ze iwwerwannen.
Um Wee fir de Col de Joux Plane erop hu sech d'Favoritinnen op den Titel vum Peleton ofgesat, fir d'Anna van der Breggen, déi eleng ënnerwee war, anzefänken. D'Hollännerin sollt awer nach virun hirer Landsfra Demi Vollering an den anere Favoritinne Ferrand-Prévot, Niewiadoma, Fisher-Black a Gigante iwwer de Bierg fueren. D'van der Breggen goung och als Éischt an de leschte Bierg, de Galibier erop, hat awer just nach 20 Sekonne Virsprong op d'Grupp hannendrun a gouf séier agefaangen.
Duerno hu sech Ferrand-Prévot, Vollering, Niewiadoma, Wlodarczyk, Labous a Fisher-Black ofgesat. Dës Grupp blouf och bis hannert dem leschten Hiwwel zu Châtel zesummen, éier et Attacke vu Vollering a Ferrand-Prévot gouf. D'Franséisin huet hir Attack 7 Kilometer virun der Arrivée an der leschter Montée gesat a konnt séier e puer Sekonnen op hir Konkurrentinnen erausfueren. Domat war hir d'Victoire net méi ze huelen.
Klassement vun der Etapp
1 Ferrand-Prévot Pauline 3:38:23
2 Vollering Demi 0:20
3 Niewiadoma Katarzyna 0:23
4 Fisher-Black Niamh ''
5 Włodarczyk Dominika 0:33
6 Labous Juliette 1:49
7 Gigante Sarah 3:53
De General
1 Ferrand-Prévot Pauline 29:54:24
2 Vollering Demi 3:42
3 Niewiadoma Katarzyna 4:09
4 Włodarczyk Dominika 5:45
5 Fisher-Black Niamh 6:25