Schlussvictoire fir de Brandon McNulty

© AFP (Archiv)
De Grondstee war dem McNulty seng Victoire op der leschter Etapp. Hei huet sech sech de Lëtzebuerger Arthur Kluckers op der gudder 14. Plaz klasséiert.
Den Amerikaner Brandon McNulty vum Team UAE Team Emirates - XRG gewënnt net nëmmen déi leschten Etapp, en Zäitfueren iwwer 12,5 Kilometer, mee gewënnt domat och den Tour duerch Polen. Den Arthur Kluckers klasséiert sech op der leschter Etapp op der gudder 14. Plaz. No 7 Etappe bedeit dat am General déi 95. Plaz, mat engem Réckstand vu 45 Minutten an 58 Sekonnen.
Déi leschten Etapp vum Tour duerch Polen, en Zäitfueren iwwer 12,5 Kilometer zu Wielicka, huet de Brandon McNulty mat enger Zäit vu 14 Minutten an 31 Sekonne gewonnen. Mat 12 Sekonne Réckstand fiert den Italieener Lorenzo Milesi op déi 2. Plaz an de Matteo Sobrero (+15 Sekonnen) op déi drëtte Plaz. De Victor Langellotti, mam Maillot Jaune un den Depart vum Zäitfuere gaangen huet wéi erwaart vill Zäit verluer a klasséiert sech op der Etapp mat engem Réckstand vu 46 Sekonnen op der 21. Plaz, nach hannert dem Lëtzebuerger Arthur Kluckers. De Coureur vun Tudor Pro Cycling ass e ganz gutt Eenzelzäitfuere gefuer, an ass déi 12,5 Kilometer nëmmen 33 Sekonne mei lues gefuer wéi de Gewënner McNulty, wat eng gutt 14. Plaz op der leschter Etapp bedeit.
Mam Gewënn vun der leschter Etapp séchert sech de Brandon McNulty deemno och d'Schlussvictoire vum Tour duerch Polen. Déi zweeten an drëtte Plaz am General si fir d'Italieener Antonio Tiberi a Matteo Sobrero.
Den zweete Lëtzebuerger dee mat um Depart war, den Alex Kirsch, ass direkt op der 1. Etapp gefall gewiescht, a konnt no senger Chutte d'Course net mei weider fueren.
D'Klassement vun der 7. Etapp1 McNulty Brandon UAE Team Emirates-XRG 00:14:31
2 Milesi Lorenzo Movistar Team + 12
3 Sobrero Matteo Red Bull-BORA-hansgrohe + 15
4 Tiberi Antonio Bahrain Victorious + 16
5 Turner Ben INEOS Grenadiers + 19
6 Küng Stefan Groupama-FDJ + 20
7 Artz Huub Intermarché-Wanty + 23
8 Christen Jan UAE Team Emirates-XRG + 25
9 Frigo Marco Israel-Premier Tech + 26
10 Bettiol Alberto XDS Astana Team + 26
14 Kluckers Arthur Tudor Pro Cycling Team + 33
De General no 7 Etappen
1 McNulty Brandon UAE Team Emirates-XRG 25:10:57
2 Tiberi Antonio Bahrain Victorious + 29
3 Sobrero Matteo Red Bull-BORA-hansgrohe + 37
4 Christen Jan UAE Team Emirates-XRG + 39
5 Langellotti Victor INEOS Grenadiers + 39
6 Bettiol Alberto XDS Astana Team + 47
7 Frigo Marco Israel-Premier Tech + 48
8 Majka Rafal UAE Team Emirates-XRG + 59
9 Bilbao Pello Bahrain Victorious + 01:02
10 Zana Filippo Team Jayco-AlUla + 01:09
95 Kluckers Arthur Tudor Pro Cycling Team + 45:58