Mats Wenzel fiert am General op déi 10. Plaz

© AFP (Archiv)
D'Schlussvictoire ass fir den Australier Corbin Strong.
Op der 4. a leschter Etapp iwwer 141 Kilometer ronderëm Tromso gouf et eng Victoire fir de Norweger Frederik Dversnes. De Coureur vun Uno-X Mobility setzt sech am Sprint virum Corbin Strong an dem Davide Ballerini duerch. 47 Kilometer virun der Arrivée huet de Mats Wenzel (Kern Pharma) säi Vëlo no engem Defekt misse wiesselen. De Lëtzebuerger ass an der Suite awer eng gutt Course gefuer a klasséiert sech no 141 Kilometer zäitgläich mam Gewënner op der 7. Plaz.
D'Schlussvictoire am General ass fir de Corbin Strong. Den Australier gewënnt den "Arctic Race of Norway" mat 11 Sekonne virum Tom Pidcock a 28 Sekonne virum Christian Scaroni. De Mats Wenzel kennt am Schlussklassement op déi gutt 10. Plaz, mat engem Réckstand vu 44. Sekonnen.
D'Klassement vun der 4. Etapp1 Dversnes Fredrik Uno-X Mobility 03:08:40
2 Strong Corbin Israel-Premier Tech + 00
3 Ballerini Davide DS Astana Team + 00
4 Pluimers Rick Tudor Pro Cycling Team + 00
5 Løland Sakarias Koller Uno-X Mobility + 00
6 Pidcock Tom Q36.5 Pro Cycling Team + 00
7 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma + 00
8 Tjøtta Martin ARKEA-B&B HOTELS + 00
9 Oldani Stefano Cofidis + 00
10 Bystrøm Sven Erik Norway + 00
De General no 4 Etappen
1 Strong Corbin Israel-Premier Tech 15:49:03
2 Pidcock Tom Q36.5 Pro Cycling Team + 11
3 Scaroni Christian XDS Astana Team + 28
4 Sheehan Riley Israel-Premier Tech + 35
5 Champoussin Clément XDS Astana Team + 39
6 Vermaerke Kevin Team Picnic PostNL + 39
7 Tjøtta Martin ARKEA-B&B HOTELS + 42
8 Engelhardt Felix Team Jayco-AlUla + 43
9 Bystrøm Sven Erik Norway + 44
10 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma + 44