5 Ekippe kuerz viru Start vun Tour de Romandie suspendéiert, och Berton betraff

© JASPER JACOBS / BELGA / AFP (Archiv)
Duerch d'Disqualifikatioun konnten 30 Dammen net un den Depart vum Tour de Romandie féminin goen.
Den Tour de Romandie féminin ass e Freideg mat engem Eklat gestart. Wéi et kuerz virum Depart vun der UCI, der internationaler Vëlosfederatioun geheescht huet, si fënnef Ekippe vun der Course ausgeschloss ginn, dat well se sech geweigert hunn, fir bei engem Test vun GPS-Chippe matzemaachen. Vun der Suspendéierung betraff sinn d'Ekippen EF Education-Oatly mat der Lëtzebuergerin Nina Berton, Canyon-Sram mat der Favoritin ëm d'Schlussvictoire Polin Katarzyna Niewiadoma, Lidl-Trek, Picnic Post-NL a Visma-Lease a bike. Si hunn alleguer bei der éischter Etapp, engem 4,4 Kilometer laangen Zäitfuere vu Huémoz op Villars-sur-Ollon net dierfe starten. Amplaz vun 93 Coureure besteet de Peloton nëmmen nach aus 60 Dammen.
D'UCI hat am Virfeld vum Tour de Romandie annoncéiert, een neien GPS-Sécherheetstracking-System wëllen ze testen. De System soll d'Lokaliséierung vu Coureuren am Fall vun enger Chute méi einfach maachen. D'Technologie soll och bei der WM am September am Ruanda an den Asaz kommen. Beim Tour de Romandie hat d'UCI awer nëmme jee eng Damm vun all Ekipp ausgewielt, wat déi suspendéiert Ekippen net acceptéiert hunn. Donieft ware si och net domadder averstanen, datt si den Tracker sollte selwer un de Vëloen installéieren an domadder och responsabel gewiescht wieren am Fall wou en erofgefall an zum Beispill eng Chute ausgeléist hätt.
An engem gemeinsame Statement iwwer déi verschidden Netzwierker hu sech déi concernéiert Ekippe géint d'Disqualifikatioun gewiert an hunn d'UCI fir hiert Virgoe kritiséiert. Wéi et am Statement heescht, hätt si hir Bedenken ewell Ufank der Woch matgedeelt a sech bereet gewisen, fir ze kooperéieren. "Wann d'UCI der Meenung ass, dofir berechtegt ze sinn, muss se d'Fuererin selwer auswielen an den Tracker installéieren." D'Decisioun, fir déi fënnef Ekippen ze disqualifizéieren, wier "schockant". D'Ekippe wieren ëmmer drëm beméit, fir de Vëlossport méi sécher ze maachen. Ma dat misst "duerch Zesummenaarbecht an net duerch Zwang" erreecht ginn.
D'UCI huet sech och an engem Schreiwes zur Decisioun geäussert. D'Decisioun vun de Responsabele vun den Ekippen, fir sech de spezifesche Reegele vun der Competitioun ze widdersetzen, géing een iwwerraschen an et géing d'Beméiungen, duerch d'Entwécklung vun dëser neier Technologie d'Sécherheet am Vëlossport ze sécheren, a Gefor bréngen.
Hannergrond vum neien Tracking-System sinn Diskussioune ronderëm déi déidlech Chute vun der Schwäizerin Muriel Furrer zejoer bei der WM zu Zürich. D'Schwäizerin louch no hirer Chute an engem Bësch a war eréischt méi spéit entdeckt ginn. Dat soll duerch den neien Tracking-System verhënnert ginn, sou d'Iddi hannert dem neie Projet.
Blasi wënnt éischt Etapp
Déi éischt Etapp vum Tour de Romandie gouf iwwerdeems vun der Spuenierin Paula Blasi gewonnen. Si hat eng Avance vu 17 Sekonnen op d'Sloweenin Urska Zigart an 18 Sekonnen op d'Franséisin Juliette Labous.
D'Blasi ass dann och déi éischt Damm am Gielen Trikot.