Vun Terneuzen goung et iwwer 182,7 Kilometer op Breskens. Um Enn war et e Massesprint, dee vum amtéierenden Europameeschter Tim Merlier gewonne gouf.

An enger nervöser Finall, an där et ronn 4 Kilometer virun der Arrivée am Peloton zu enger Chute komm war, konnt sech de Belsch Tim Merlier op der 1. Etapp vum Renewi Tour géint säi Kompatriot Arnaud De Lie a géint de Kolumbianer Juan Sebastian Molano duerchsetzen. Et ass dem Merlier seng 63. Etappevictoire a senger Karriär, an déi 13. an dëser Saison.

Eng Echappée vu 16 Coureure konnt sech wärend ronn 70 Kilometer ofsetzen, gouf awer 5 Kilometer virun der Arrivée erëm agefaangen. Den Hollänner Mathieu van der Poel war fir déi éischte Kéier zanter dem Tour de France erëm um Depart vun enger Course, an huet sech virbäi gewisen.

Am General féiert den Tim Merlier virum Portugis Rui Oliveira an dem Belsch Dries De Bondt, déi sech d'Sekonne vun de Bonifikatiounen an den Tëschesprinter geséchert haten.

Mat dobäi sinn am Renewi Tour och dräi Lëtzebuerger. Den Alex Kirsch ass e Mëttwoch am Peloton als 101. ukomm. De Michel Ries an de Kevin Geniets hunn als 148. respektiv 154. eppes manner wéi 14 Minutte verluer. Am General sinn et d'Plazen 101 fir Kirsch, 148 fir Ries an 154 fir Geniets.

Déi zweet Etapp féiert en Donneschdeg iwwer 172,7 Kilometer vu Blankenberge op Ardooie.

Top10 vun der Etapp

1 Merlier Tim Soudal Quick-Step 3:40:05
2 De Lie Arnaud  Lotto 0:00
3 Molano Juan Sebastián UAE Team Emirates - XRG ,,
4 Bittner Pavel Team Picnic PostNL ,,
5 Girmay Biniam Intermarché - Wanty ,,
6 Turner Ben INEOS Grenadiers ,,
7 Kooij Olav Team Visma | Lease a Bike ,,
8 Ballerini Davide XDS Astana Team ,,
9 Gaviria Fernando Movistar Team ,,
10 Dehairs Simon Alpecin - Deceuninck ,,
...
101 Kirsch Alex Lidl - Trek 0:00
148 Ries Michel Arkéa - B&B Hotels 13:48
154 Geniets Kevin Groupama - FDJ ,,

De General

1 Merlier Tim Soudal Quick-Step 3:39:55
2 Oliveira Rui UAE Team Emirates - XRG 0:02
3 De Bondt Dries Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:03
4 De Lie Arnaud Lotto 0:04
5 Molano Juan Sebastián UAE Team Emirates - XRG 0:06
6 Drizners Jarrad Lotto 0:07
7 Bittner Pavel Team Picnic PostNL 0:10
8 Girmay Biniam Intermarché - Wanty ,,
9 Turner Ben INEOS Grenadiers ,,
10 Kooij Olav Team Visma | Lease a Bike ,,
...
101 Kirsch Alex Lidl - Trek 0:10
148 Ries Michel Arkéa - B&B Hotels 13:58
154 Geniets Kevin Groupama - FDJ ,,