Iwwer 134,6 km goung et vu San Maurizio Canavese op Ceres. Am finale Sprint goung et biergop, an de Gaudu konnt dobäi in extremis de Mats Pedersen klappen.

De Peloton gouf an enger laanger Montée duerch d'Uertschaft Ceres op de leschte Kilometere auserneegezunn. No der leschter Kéier war et just nach e kuerze Wee bis op de Stréch, mee dee goung dem Fransous vu Groupama-FDJ duer, fir sech géint de Mats Pedersen duerchzesetzen, dee bis an déi lescht Kéier d'Nues vir hat. Als Drëtte klasséiert sech de Jonas Vingegaard, deen elo un der Spëtzt vum Klassement läit.

Mat engem Retard vun 1'37" klasséiert sech de Bob Jungels als 111. Am General läit den eenzege Lëtzebuerger an der Course op der 101. Plaz mat 7'56" Réckstand op de Leader.

D'Klassement vun der Etapp

1 Gaudu David Groupama - FDJ 2:59:24
2 Pedersen Mads Lidl - Trek ,,
3 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike ,,
4 Ciccone Giulio Lidl - Trek ,,
5 Labrosse Jordan Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
6 Aular Orluis Movistar Team ,,
7 Buitrago Santiago Bahrain - Victorious ,,
8 Bernal Egan INEOS Grenadiers ,,
9 Koerdt Bjorn Team Picnic PostNL ,,
10 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
...
111 Jungels Bob INEOS Grenadiers 1:37

De General1 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 10:55:36
2 Gaudu David Groupama - FDJ 0:00
3 Ciccone Giulio Lidl - Trek 0:08
4 Bernal Egan INEOS Grenadiers 0:14
5 Pidcock Thomas Q36.5 Pro Cycling Team 0:16
6 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
7 Buitrago Santiago Bahrain - Victorious ,,
8 Jorgenson Matteo Team Visma | Lease a Bike ,,
9 Ayuso Juan UAE Team Emirates - XRG ,,
10 Paret-Peintre Valentin Soudal Quick-Step ,,
...
101 Jungels Bob INEOS Grenadiers 7:56