Evenepoel gewënnt am Sprint, 21. Plaz fir de Mats Wenzel

© AFP
Op der virleschter Etapp ass et iwwer 133,6 Kilometer vu Pontypool op The Tumble gaangen.
Um Enn hat de Remco Evenepoel am Schlusssprint déi beschte Been a konnt sech domat d'Etappevictoire virun den zwee Britten Thomas Gloag an Oscar Onley sécheren.
De Mats Wenzel huet et mat engem Retard vun enger Minutt a 7 Sekonnen op déi 21. Plaz gepackt.
Am General bleift de Romain Grégoire weiderhin op der éischter Plaz. Virun der leschter Etapp um Sonndeg huet de Fransous eng Avance vu just 2 Sekonnen op den Evenepoel a vu 4 Sekonnen op de Julian Alaphilippe.
De Mats Wenzel läit am General elo mat engem Réckstand vun 1:13 op der 20. Plaz.
Klassement vun der 5. Etapp
1 Evenepoel Remco Soudal Quick-Step 3:07:56
2 Gloag Thomas Team Visma | Lease a Bike ,,
3 Onley Oscar Team Picnic PostNL ,,
4 Eulálio Afonso Bahrain - Victorious ,,
5 Grégoire Romain Groupama - FDJ ,,
6 Mollema Bauke Lidl - Trek ,,
7 Alaphilippe Julian Tudor Pro Cycling Team ,,
8 Paret-Peintre Aurélien Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
9 Bilbao Pello Bahrain - Victorious ,,
10 Sivakov Pavel UAE Team Emirates - XRG ,,
...
21 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma 1:07
Generalklassement
1 Grégoire Romain Groupama - FDJ 17:03:04
2 Evenepoel Remco Soudal Quick-Step 0:02
3 Alaphilippe Julian Tudor Pro Cycling Team 0:04
4 Onley Oscar Team Picnic PostNL 0:08
5 Paret-Peintre Aurélien Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:12
6 Eulálio Afonso Bahrain - Victorious ,,
7 Van Wilder Ilan Soudal Quick-Step ,,
8 Mollema Bauke Lidl - Trek ,,
9 Bilbao Pello Bahrain - Victorious 0:17
10 Sivakov Pavel UAE Team Emirates - XRG ,,
...
20 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma 1:13