E Freideg ass et op der Kinneksetapp iwwer schwéier 170 Kilometer vu Mäertert op Veianen gaangen.

De Mattias Skjelmose huet e Freideg d'Kinneksetapp vum Skoda Tour de Luxembourg gewonnen. 12 Coureuren hunn um Enn d'Victoire ënner sech ausgemaach. Den Dän war an der Schlussmontée erop an den Haff vum Schlass vu Veianen dee Stäerksten an huet sech virum Fransous Jordan Jegat behaapt. Den US-Amerikaner Brandon McNulty ass op zwou Sekonnen deen Drëtte ginn.

Tour de Luxembourg: 3. Etapp - leschte Kilometer am Replay
Mattias Skjelmose wënnt Kinneksetapp an ass neie Leader.

Neie Leader am General ass elo och de Skjelmose. Hien huet eng Avance vu véier Sekonnen op de Jegat.

Eng staark Leeschtung huet e Freideg och de Lëtzebuerger Arno Wallenborn gewisen. Hien ass de 15. op 56 Sekonne ginn. Fir de Mats Wenzel war et déi 22. Plaz op eng Minutt a 35 Sekonnen. Beschte Lëtzebuerger am General ass elo de Wallenborn als 16. op eng Minutt a sechs Sekonnen. De Mats Wenzel ass den 20. op eng Minutt a 45 Sekonnen.

De Mil Morang bleift iwwerdeems am Trikot vum beschte Biergfuerer.

Skoda Tour de Luxembourg - Mattias Skjelmose wënnt Kinneksetapp (Resumé)
Den Dän ass no der 3. Etapp och den neie Leader am General.

E Samschdeg geet et weider mat engem Zäitfueren.

De Resumé

Skoda Tour de Luxembourg - Mattias Skjelmose wënnt Kinneksetapp (Replay)
Den Dän ass no der 3. Etapp och den neie Leader am General.

D'Kinneksetapp vum Skoda Tour de Luxembourg huet de Coureuren e Freideg alles ofverlaangt. Op den 170 Kilometer ass et ënnert anerem Beefort a Munzen eropgaangen an op de leschte ronn 50 Kilometer huet nach dräi Mol den Niklosbierg zu Veianen gewaart, ier d'Arrivée am Haff vum Schlass war.

7 Coureuren haten et an d'Echappée vum Dag gepackt: Silvan Dilier, Simon Guglielmi, Thomas Gachignard, Adne Holter, Victor Papon, Henri-François Renard-Haquin a Joshua Amos Gudnitz.

Um Schlusscircuit ass d'Decisioun ëm d'Victoire gefall. Direkt beim éischte Passage vum Niklosbierg (50km virun der Arrivée) hunn am Spëtzegrupp missen dräi Leit lassloossen an nëmmen nach Guglielmi, Gachignard, Renard-Haquin an Holter sinn iwwreg bliwwen. Am Peloton war den Tempo och extrem héich, esou datt dësen ausernee gefuer ass. Et huet sech en zweete Grupp mat 15 Coureure forméiert, ënnert hinnen de Sören Kragh Andersen an de Rafal Majka. Gefeelt hunn Nimm wéi Brandon McNulty, Ben Healy oder dee vum Leader Romain Grégoire. An och d'Lëtzebuerger Arno Wallenborn a Mats Wenzel haten de Sprong an deen zweete Grupp verpasst.

34 Kilometer virun der Arrivée ass et eng zweete Kéier den Niklosbierg eropgaangen. Un der Spëtzt louche mat Guglielmi, Gachignard, Renard-Haquin an Holter weiderhi véier Coureuren. Do hannendrun huet sech een neien zweete Grupp mat 18 Coureure forméiert. Mat dobäi fënnef Coureure vun UEA (Torres, Arrieta, McNulty, Narvaez a Majka) an dann och engem Richard Carapaz oder dem Mattias Skjelmose. Si haten nach e Retard vu gutt 35 Sekonnen op d'Spëtzt. An engem drëtte Grupp hu sech de Maillot Jaune Romain Grégoire an och d'Lëtzebuerger Mats Wenzel an Arno Wallenborn erëmfonnt.

Beim leschte Passage vum Niklosbierg, eng 16 Kilometer virun der Arrivée war du Schluss fir d'Echappée vum Dag. Si si vum Grupp mat de Favoritten agefaange ginn. 9 Coureure sinn un der Spëtzt iwwereg bliwwen: Nicolas Prodhomme, Richard Carapaz, Mattias Skjelmose, Toms Skujins, Brandon McNulty, Jordan Jegat, Marco Brenner, Rafal Majka a Mathys Rondel. An der Descente ass et dem Marc Hirschi, dem Johnatan Narvaez an dem Urko Berrade gelongen, fir nach no vir bäizefueren.

6 Kilometer virun der Arrivée gouf et eng Attack vum Marc Hirschi. Hien huet eng Avance vun 8 Sekonne mat an d'Schlussmontée (900 Meter) erop bei d'Schlass vu Veianen geholl. De Schwäizer huet et um Enn net bis ganz erop op d'Arrivée gepackt. 150 Meter virun der Arrivée ass en nees agefaange ginn. Um Enn war et de Mattias Skjelmose, deen déi stäerkste Been hat a sech d'Victoire an och d'Féierung am General geséchert huet.

Den Arno Wallenborn ass op déi staark 15 Plaz gefuer. Dat mat engem Réckstand vu 56 Sekonnen.

RTL

© Roland Miny / pressphoto

D'Klassement vun der Etapp

1 Skjelmose Mattias Lidl - Trek 4:05:07
2 Jegat Jordan Team TotalEnergies 0:00
3 McNulty Brandon UAE Team Emirates - XRG 0:02
4 Narváez Jhonatan UAE Team Emirates - XRG ,,
5 Brenner Marco Tudor Pro Cycling Team ,,
6 Hirschi Marc Tudor Pro Cycling Team 0:06
7 Prodhomme Nicolas Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:10
8 Skujiņš Toms Lidl - Trek ,,
9 Carapaz Richard EF Education - EasyPost ,,
10 Rondel Mathys Tudor Pro Cycling Team 0:13
...
15 Wallenborn Arno Luxembourg 0:56
22 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma 1:35
52 Ries Michel Arkéa - B&B Hotels 7:41
63 Bettendorff Loïc Hrinkow Advarics 9:29
79 Kockelmann Mathieu Luxembourg 15:08
80 Morang Mil Luxembourg ,,
91 Ury Noé Luxembourg 19:00
93 Berns Mats Luxembourg ,,
95 Kess Alexandre Luxembourg ,,
98 Kluckers Arthur Tudor Pro Cycling Team ,,

De General

1 Skjelmose Mattias Lidl - Trek 11:34:29
2 Jegat Jordan Team TotalEnergies 0:04
3 McNulty Brandon UAE Team Emirates - XRG 0:08
4 Hirschi Marc Tudor Pro Cycling Team 0:12
5 Brenner Marco Tudor Pro Cycling Team ,,
6 Narváez Jhonatan UAE Team Emirates - XRG ,,
7 Carapaz Richard EF Education - EasyPost 0:20
8 Prodhomme Nicolas Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
9 Skujiņš Toms Lidl - Trek ,,
10 Rondel Mathys Tudor Pro Cycling Team 0:23
...
16 Wallenborn Arno Luxembourg 1:06
20 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma 1:45
51 Ries Michel Arkéa - B&B Hotels 8:08
65 Bettendorff Loïc Hrinkow Advarics 12:22
81 Kockelmann Mathieu Luxembourg 18:02
87 Kess Alexandre Luxembourg 19:43
88 Kluckers Arthur Tudor Pro Cycling Team 20:21
92 Morang Mil Luxembourg 22:07
96 Ury Noé Luxembourg 23:43
103 Berns Mats Luxembourg 25:05