
Een Dag nom Cyclocross zu Sint-Niklaas, deen am Kader vum Waaslandcross gefuer gouf, war déi aacht Manche vun der X2O Trofee zu Bréissel. Hei konnt sech d’Ceylin Alvarado (46:58) mat enger klorer Avance vun 22 Sekonne virun der Lucinda Brand, der Gewënnerin vun e Samschdeg, duerchsetzen. Hannendrun huet sech d’Manon Bakker (+ 32) géint hir Landsfra Inge Van der Heijden duerchgesat (+ 38), woumat eng weider Kéier véier Hollännerinnen op den éischte Plazen ze fanne waren. D’Franséisin Amandine Fouquenet (+ 1:11) huet d’Topp 5 komplettéiert. Fir d’Alvarado, déi och hollännesch Championne ass, war et déi véiert Victoire an dëser Saison.
Nodeems d’Marie Schreiber den Dag virdrun zu Sint-Niklaas d’Topp 10 knapp verpasst hat, huet déi 23 Joer jonk Fuererin zu Bréissel fréi opginn. Mat der Maïté Barthels war eng weider Lëtzebuergerin um Depart. Si koum mat 5'20'’ Réckstand op d’Gewënnerin Alvarado an d’Zil.
Bei den Häre gouf et eng Victoire fir de Michael Vanthourenhout, dat kloer viru senge Landsmänner Niels Vandeputte a Gerben Kuypers. Domat stoungen déi selwecht dräi Fuerer wéi e Samschdeg zu Sint-Niklaas um Podium, just de Vanthourenhout an de Vandeputte hunn d’Plaze getosch. De Spuenier Felipe Orts Lloret an de Joris Nieuwenhuis sinn nach an d’Topp 5 gefuer.