Zu Schuller war e Samschdeg den Optakt an déi nei national Cyclocross-Saison.

Eng 60 Coureure waren e Samschdeg de Mëtteg zu Schuller beim 1. Internationale Cross vun der Saison um Depart. Mam ville Ree vun de leschten Deeg gouf sech en déiwen a schwéier Parcours erwaart. De Belsch Niels Vandeputte, 4. an der Weltranglëscht, ass als Favorit an d’Course gaangen.

No engem séieren Depart ass et dann direkt an den déiwen Terrain gaangen. Un der Spëtzt konnt sech direkt e Grupp ëm de Favorit Vandeputte ofsetzen. No 20 Minutte Coursse waren et dann nëmmen nach 3 Coureuren un der Spëtzt. De Belsch Vandeputte an déi zwee Hollänner Mees a Kamp. D’Lëtzebuerger Coureuren haten et net einfach bei deem staark besate Peloton. Et war de Lennox Papi, dee sech a sengem éischten U23-Joer am längsten an der Course behaapte konnt.

De Belsch Niels Vandeputte an den Hollänner Mees Hendrix hu sech un der Spëtzt ofgewiesselt.  No 40 Minutte Course konnt de Belsch sech dunn eng kleng Avance vun 10 Sekonnen erausfueren. Domat gewënnt de Niels Vandeputte den éischten internationale Cross vun der Saison virum Hollänner Mees Hendrix an dem Ryan Kamp.

De Lennox Papi war als 28. deen eenzege Lëtzebuerger, deen d‘Course op en Enn gefuer ass.

Bei den Damme wënnt d‘Julie Brouwers aus der Belsch.

Resultat Elite Hären

1. Vandeputte Niels 1:01:34
2. Hendrikx Mees 0:12
3. Kamp Ryan 0:22

28. Papi Lennox +7:09
32. Meylender Rick

DNF Post Christophe
DNF Kockelmann Raphael
DNF Van Lelyveld Juan

Resultat Elite Dammen

1. Brouwers Julie 49:53
2. Crabbé kiona +0:15
3. Molengraaf Lauren +1:01

DNF Barthels Maité

Resultat Juniore bei den Hären

1. Verdonck Thomas 39:02
2. Osaer Emiel +0:09
3. Heeren Delano +0:30

18. Fleming Ben +2:36
32. Fehlen Pereira Dawson +5:14
40. Koenig ben +6:39
41. Outlet Maximilien +7:01
43. Morbeé Loris +7:20
44. Cichy Dave +7:32

Resultat Juniore bei den Dammen

1. Jochems Nynke 37:21
2. Peeters Zita + 0:47
3. Takken Maxime +2:03

8. Nothum June +6:29
10. Breuer Amy +11:25