1. Ronn K.O.-PhasDëschtennis-WM zu London: Lëtzebuerger Dammen en Dënschdeg géint Brasilien

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Lëtzebuerger Damme geet et en Dënschdeg an d'K.O.-Phas vun der Dëschtennis-WM zu London a Brasilien wäert an der éischter Ronn de Géigner sinn.
Archiv-Foto
© World Table Tennis (WTT)

Nodeems d'Gruppephas 1A bei der Dëschtennis-WM zu London op en Enn komm ass, goufen e Sonndeg d'1/16-Finallen ausgeloust. Fir d'Lëtzebuerger Damme geet et en Dënschdeg vu 17 Auer u géint Brasilien. Bei de Brasilianerinne ginn d'Bruna Takahashi (WR 23), d'Giulia Takahashi (WR 111), d'Laura Watanabe (WR 112) an d'Victoria Strassburger (WR 263) un de Start.

D'Lëtzebuerger Damme mam Sarah de Nutte, Ni Xia Lian, Enisa a Melisa Sadikovic sinn als eng vun deene sechs beschten Zweetplacéierten an d'K.O.-Phas vun deene leschten 32 agezunn, nodeems d'Géignerinnen aus Barbados net ugetruede waren. D'Lëtzebuerger Hären hunn de Sprong an déi nächst Ronn iwwerdeems verpasst.

Back to Top
CIM LOGO