Dëschtennis-ChampionnatHouwald wënnt déi éischt Finall géint Hueschtert-Foulscht

RTL Lëtzebuerg
Et goufe spannend Matcher an der Hal um Houwald gebueden. Net manner wéi véier Matcher goungen iwwer fënnef Sätz.
© AFP (Archiv)

Eng fauschtdéck Iwwerraschung gouf et an der éischter Finall: Den Houwald klappt de Seriëmeeschter Hueschtert-Foulscht mat 6:2 an huet domat eng gutt Avance fir déi zweet Finall am Lëtzebuerger Westen.

Och wann d'Resultat um Enn kloer ausgesäit, waren d'Matcher alles anescht wéi eesäiteg. Net manner wéi véier Partië goungen iwwer déi voll Längt vu fënnef Sätz. De kloerste Match war den 3:0 vum Aaron Sahr géint de Kevin Kubica. De Sahr konnt Houwald domat mat 2:1 a Féierung bréngen. An och de Marc Dielissen an de Leo Vekic hunn hir Matcher gewonnen, sou dass d'Lokalekipp no fënnef Matcher 4:1 vir war.

Hueschtert-Foulscht konnt nach eng Kéier op 2:4 verkierzen, mee déi zwou lescht Partië goungen nees un den Houwald. Insgesamt goungen 22 Sätz un den Houwald a just 13 un den amtéierende Champion.


Resultater an Tabell vum Playoff

Back to Top
CIM LOGO