Dëschtennis-ChampionnatHueschtert-Foulscht wënnt Meeschtertitel am Golden Match

RTL Lëtzebuerg
Et war eng Première am Lëtzebuerger Dëschtennis, dass d'Entscheedung mat der neier Reegel vun der ETTU gefall ass.
© AFP (Archiv)

Méi spannend hätt d'Finall ëm de Meeschtertitel net kënne sinn. Nodeems den Houwald virun enger Woch kloer 6:2 gewonnen hat, huet Hueschtert-Foulscht mussen nozéien. An d'Ekipp aus dem Lëtzebuerger Westen huet geliwwert.

Hueschtert-Foulscht huet mat engem kloren 3:0 ugefaangen, mee direkt den Ausgläich vum Houwald kasséiert. Nom enken Duell tëscht dem Kevin Kubica an dem Marc Dielissen, deen iwwer fënnef Sätz goung, war d'Lokalekipp lancéiert an huet och den nächste Saz fir sech entscheet. Den Houwald koum wuel nach eng Kéier erun, mee déi lescht dräi Punkte sinn un Hueschtert-Foulscht gaangen. No de reguläre Matcher stoung et 6:3 fir d'Lokalekipp, soudass e Golden Match d'Entscheedung huet musse bréngen. Dëst ass e Modus, dee vum europäesche Verband eréischt am Joer 2021 ageféiert gouf.

Bei der Première vum Golden Match op Lëtzebuerger Territoire goufe véier Matcher gespillt, vun deenen Hueschtert-Foulscht der dräi gewanne konnt a soumat de Championstitel verdeedege konnt.


Resultater an Tabell vum Playoff

Back to Top
CIM LOGO