No staarker Leeschtung op der Dëschtennis-WMGrouss Spréng fir Lëtzebuerger Dammen an der Weltranglëscht, de Nutte nees an den Top100

RTL Lëtzebuerg
Op der Dëschtennis-WM zu London Enn Abrëll hat et déi Lëtzebuerger Dammenekipp bis an d'1/8-Finalle gepackt. Dës gutt Leeschtungen loosse sech elo och an der neier Weltranglëscht gesinn.
© Manfred Schillings/FLTT

D'Spillerinne vun der Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun FLTT hunn an der neister Versioun vun der offizieller Weltranglëscht deels e grousse Sprong no vir gemaach. D'Sarah de Nutte ass ëm 20 Plazen geklommen an zielt mat Plaz 90 elo nees zu deenen 100 beschten Dëschtennis-Spillerinnen op der Welt. De gréisste Sprong no vir huet d'Ni Xia Lian mat engem Plus vun 327 Plaze gemaach a steet elo neierdéngs op Plaz 170. Och d'Enisa Sadikovic huet sech ëm 207 Plaze verbessert a gëtt elo als 162. op der Weltranglëscht klasséiert.

Grond fir dës gutt Klasséierungen ass déi staark Leeschtung op der Dëschtennis-WM 2026 zu London, bei där d'Lëtzebuerger Spillerinnen et aus der Gruppephas eraus bis an d'1/8-Finalle gepackt haten.

Nieft den Damme gouf et och bei den Hären e puer Verbesserungen. De Luka Mladenovic steet aktuell op Plaz 84 a bleift domat beschte Lëtzebuerger. De Maël Van Dessel huet sech ëm 90 Plazen op d'Plaz 313 verbessert an den Tom Scholtes ass ëm 378 Plazen no uewen op d'Plaz 556 geklommen.

Back to Top
CIM LOGO