Dëschtennis-WMLëtzebuerger Häre feiere kloer Victoire iwwer Katar, Damme verléiere géint Portugal

Jeff Birsens
Zanter en Dënschdeg leeft zu London d'Ekippe-WM am Dëschtennis. Souwuel d'Häre- wéi och d'Dammen-Ekipp aus Lëtzebuerg huet weider d'Chance op eng Plaz an der K.O.-Phas.
© AFP

No den Dammen en Dënschdeg hunn elo och d'Lëtzebuerger Hären hir éischt Victoire bei der Dëschtennis-WM geséchert. Géint de Katar konnt ee sech e Mëttwoch däitlech mat 3:0 duerchsetzen. Wéi och schonn am éischte Match géint Kroatien konnt de Maël Van Dessel fir e gudden Optakt an d'1:0-Féierung duerch en 3:1 fir d'FLTT-Formatioun suergen. Am zweeten Eenzel huet de Luka Mladenovic da mat engem 3:0 näischt ubrenne gelooss an den Tom Scholtes huet mat engem 3:2 den Deckel drop gemaach.

Fir d'Damme gouf et dogéint eng 0:3-Defaite géint de Favorit aus Portugal. Der Sarah de Nutte war dobäi ufanks direkt ee Sazgewënn gelongen an och ee Comeback vun 10 Punkten hannerteneen no Réckstand. Um Enn war et dann awer d'Jieni Shao, déi knapp mat engem 3:2 den 1:0 fir Portugal kloer maache konnt. An deenen zwee follgenden Dueller hu sech dann d'Ni Xia Lian an d'Enisa Sadikovic jeeweils misse mat 1:3 geschloe ginn.

Souwuel fir d'Dammen, wéi och fir d'Hären, ass eng Plaz an der K.O.-Phas méiglech, wann de leschte Gruppematch gewonne gëtt. Fir d'Häre geet et en Donneschdeg géint Serbien a fir d'Dammen e Freideg géint Barbados.

Back to Top
CIM LOGO