
Den Houwald huet sech iwwerraschend däitlech zu Recken mat 6:2 duerchgesat. No véier Simpele stoung et 2:2 gläich éier et zu der Spëtzepartie tëscht dem Thomas Keinath an dem Benjamin Rogiers koum. De Rogiers huet déi Partie mat 3:1 fir sech entscheet an den Houwald goung mat 3:2 a Féierung. D’Gäscht hate genuch Réckewand a konnten déi 3 nächst Partien och gewannen.
Hueschtert-Foulscht konnt sech och souverän zu Lëntgen mat 6:2 behaapten. Den Titelverdeedeger konnt der Favoritteroll gerecht ginn an huet de Grondstee fir d’Victoire duerch déi zwee Succèse géint d’Nummer 2 vu Lëntgen Robin Saudemont geluecht.
D’Retourmatcher vun den Halleffinalle ginn an 2 Woche gespillt.