
Déi Lëtzebuerger Dëschtennis-Federatioun FLTT gëtt a Rumänien duerch de Maël Van Dessel an d'Enisa Sadikovic vertrueden. Béid Lëtzebuerger ware scho virun e puer Woche bei der Ekippe-Weltmeeschterschaft mat dobäi.
Am Hären-Eenzel ass aus Lëtzebuerger Siicht de Maël Van Dessel mat dobäi. Den 21 Joer jonke Lëtzebuerger ass op Plaz 18 vu 56 gesat. Hien huet an der däitscher Regionalliga mat gudde Prestatioune fir säi Veräin TTC indeland Jülich op sech opmierksam gemaach an doduerch de Sprong fir déi nei Saison an de Kader vun der 1. Ekipp an der zweeter däitscher Bundesliga gepackt.
D'Enisa Sadikovic ass am Dammen-Eenzel als Nummer 5 vu 56 Participanteë gesat a gehéiert domadder zur europäescher Elitt an hirer Altersklass. Déi 18 Joer jonk Lëtzebuergerin koum dës Saison schonn an der 1. däitscher Bundesliga zum Asaz. Réischt virun zwou Woche gouf hire Wiessel vum TTC 1946 Weinheim bei de SV DJK Kolbermoor offiziell annoncéiert.
Donieft sinn déi zwee Lëtzebuerger Sportler och am Doubel aktiv. De van Dessel spillt bei den Häre mam Englänner Connor Green, wärend d'Sadikovic bei den Damme mat der Belsch Lilou Massart untrëtt. Am Mixed-Doubel sinn déi zwee FLTT-Athleten zesummen am Asaz.