Bis an d'1/8-Finalle gepacktFLTT zitt positive Bilan vun der Jugend-EM am Dëschtennis

RTL Lëtzebuerg
Zanter dem 10. Juli lafen d'European Youth Championships 2026 am portugisesche Gondomar. E Sonndeg goufen déi lescht Lëtzebuerger Spiller eliminéiert.
© Emile Mentz (Archiv)

Um 9. Dag vun der Jugend-EM am Dëschtennis geet et fir d'Lëtzebuerger Ekipp net méi weider. D'Nowuessekipp vun der FLTT huet sech an der 1/16-Finall e Sonndeg misse géint Kroatien geschloe ginn.

Fir den Aaron Sahr gouf et trotz enger tëschenzäitlecher Féierung an der 1/16-Finall vun der U19 eng knapp 3:4-Defaite. Och d'U19-Spillerin Enisa Sadikovic war no enger 0:4-Néierlag e Sonndeg, wou deels och dat néidegt Spillgléck gefeelt huet, eliminéiert. Am jeeweilegen Double haten et béid Lëtzebuerger Sahr a Sadikovic bis an d'1/8-Finall gepackt, wou et e Sonndeg awer och jee eng 0:3-Defaite gouf.

Da konnt de Philip Theisen am U15-Eenzel e Sonndeg géint d'Nummer 11 Louis Fegerl virun allem an den éischten dräi Sätz d'Stier bidden. Um Enn konnt sech awer den Éisträicher mat 4:0 duerchsetzen.

Domat ass d'Jugend-EM fir d'FLTT-Ekippen eriwwer, déi duerch eng Rei gutt Leeschtunge bannent deene leschten Deeg awer ee positive Bilan zitt.

Back to Top
CIM LOGO