
Op der ITTF World Masters Individual Championships zu Gangneung a Südkorea hunn direkt zwee Spiller vum DT Iechternach Medaile gewonnen. Den Traian Ciociu konnt direkt zwee Mol Gold gewannen, de Val Langhegermann huet sech dogéint eng Bronzmedail geséchert.
Den aachtfache Lëtzebuerger Champion Ciociu konnt sech a senger Kategorie iwwer 60 Joer am Hären-Eenzel zum Weltmeeschter kréinen. Donieft huet den 63 Joer ale Spiller vum DT Iechternach och den Hären-Dubbel mat sengem franséische Partner Lucian Filimon an der Kategorie iwwer 45 Joer gewonnen.
An der Kategorie iwwer 85 Joer huet de Val Langehegermann mat an Tëschenzäit 89 Joer Bronze am Mixed-Dubbel mam Heidi Wunner aus Däitschland gewonnen.